Den XMM-Newton (engl: X-ray Multi-Mirror, dat heescht Röntgen-Méifachspigel) ass e Weltraumobservatoire vun der europäescher Weltraumorganisatioun fir Observatiounen am Röntgen-Beräich. Säi Start war den 10. Dezember 1999 u Bord vun enger Ariane-5G-Drorakéit vun der Weltraumgare Kourou an der Guyane a bleift no Plang bis 2014 a Betrib.[1]

Maquette beim ESOC, Darmstadt

D'Haaptaufgab vum XMM-Newton ass d'Erfuerschung vun energieräiche Prozesser am Universum. Dozou gehéieren zum Beispill de Matièresafall op schwaarz Lächer a "Gebuert" an "Doud" vu Stären (kuckt Supernova).

Betrib änneren

D'Ariane-Rakéit hat den 3,8 Tonne schwéiere Satellit an eng exzentresch Ëmlafbunn ëm d'Äerd bruecht, mat enger Equatorschréi vun 38,7° an enger Héicht vun 850–114.000 km. Weider Korrekture mat dem Borddreifwierk hunn den äerdnooste Punkt op 7.000 km gehuewen. Sou eng Bunn mat ronn 48 Stonnen Ëmlafzäit erméiglecht laang onënnerbrachen Observatioune vu verännerlechen Objeten a verleeft am gréissten Deel vun der Bunnperiod baussenzeg vun der Stralungsceinture vun der Äerd.

Den XMM-Newton gëtt stänneg vum Europäesche Raumfluchkontrollzentrum (ESOC) zu Darmstadt iwwerwaacht. Dobäi ginn en ettlech Radioantennen no bei Perth (Australien), Kourou an zu Santiago de Chile (Chile) benotzt. Déi gesammelt Donneeë vum Observatoire gi vum XMM-Newton Science Operations Centre zu Villafranca a Spuenien opgeschafft an archivéiert.

De 5. Dezember 2005 gouf déi erfollegräich wëssenschaftlech Missioun ëm zousätzlech véier Joer bis den 31. Mäerz 2010 verlängert. 2007 gouf du beschloss, d'Missioun ëm weider gutt zwee Joer bis Enn 2012 ze verlängeren.

Teleskop an Experimenter änneren

D'Teleskop gouf vun engem europäesche Firmekonsortium ënner der Féierung vun der däitscher DASA gebaut. Den XMM-Newton war dee bis dohi masseräichste Satellit, dee jeemools vun Europa gebaut a gestart gouf. An der Tëschenzäit gouf dee Rekord awer ënner anerem vum ESA-Satellit Integral iwwertraff, deen 2002 gestart war an d'Observatioune vum XMM-Newton am Gammastralen-Beräich ergänzt.

Den XMM-Newton huet dräi parallel ausgeriicht Röntgenteleskope vum Wolter-Typ 1 déi gläichzäitig dat selwecht Gebitt observéieren. Fir déi effektiv Sammelfläch z'erhéijen, besteet jiddwer Teleskop aus 58 anenee verschachtelten dënnen awer geneeë Spigelschuelen. D'Brennwäit ass 7,5 m an den Duerchmiesser vun de gréisste Spigelschuelen 70 cm. Am Verglach zum gläichzäiteg bedriwwene Röntgenobservatoire Chandra vun der NASA huet den XMM-Newton eng gréisser effektiv Sammelfläch besonnesch fir haart Röntgenstralung ëm 7 keV, awer méi eng schlecht Ofbildungsqualitéit vu ronn 5 Bousekonnen Hallefwäertsbreet fir eng Punktquell.

Den XMM-Newton huet dräi Aarte vun Instrumenter:

  • Déi dräi europäesch Photon Imaging Cameras (EPIC) goufen ënner brittescher Leedung an Italien, Frankräich, Däitschland an Groussbritannien gebaut. Hanner jiddwerengem vun den dräi Teleskopen ass eng EPIC-Kamera. Eng vun de Kamerae benotzt en neien Typ vu pn-CCD, dee vum MPI Hallefleederlaboratoire[2] vum Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik[3] zesumme mat der Firma KETEK[4] entwéckelt gouf. D'EPIC-Kamerae liwwere Röntgenfotoen am Beräich 0,1-15 keV an erlabe Variabilitéitsstudie mat héijer Zeitopléisung, well d'Ukommenszäit vu jiddwer Photon registréiert gëtt. Hir Energieopléisung berout eleng op den CCDs an ass mat ronn 1/20 bis 1/50 vun der Photonenenergie relativ kleng, awer ausreechend fir vill Zwecker.
  • Déi béid Reflection Grating Spectrometeren (RGS) goufen ënner hollännescher an amerikanescher Bedeelegung gebaut. Duerch de Gebrauch vun engem zousätzleche Gitterspektrometer erlabe si Ënnersich vun helle Quelle mat wiesentlech besserer Energieopléisung (1/200 bis 1/800 vun der Photonenenergie) am Energieberäich 0,35-2.5 keV.
  • Den Optical Monitor ass en Teleskop mat 30 cm Spigelduerchmiesser, dat parallel zu den dräi Röntgenteleskope montéiert ass. Hie gëtt der Missioun d'Méiglechkeet, hir Ziler gläichzäiteg mat de Röntgenobservatiounen och am visuellen an Ultraviolettliicht z'ënnersichen. Hie gouf a Groussbritannien entwéckelt.

Resultater änneren

De villsäitegen XMM-Newton-Observatoire huet an den éischte 6 Joer nei Resultater fir verschidde Gebidder vun der Astrophysik bruecht. Dozou gehéieren

  • Detailléiert Röntgenspektroskopie vun der Sonnekorona vun anere Stäre wéi d'Sonn.
  • Ënnersich vu gliddegem Gas an de Galaxiëkéip, déi weisen, datt déi ugeholle Cooling Flows, an deenen de gliddege Gas séier ofkillt, sou net existéieren.
  • Déi empfindlechst Himmelsfotoen am haarde Röntgenliicht, mat där sech d'Entwécklung vum aktive galaktesche Kär am fréien Universum ënnersiche léisst.

Um Spaweck änneren

Commons: XMM-Newton – Biller, Videoen oder Audiodateien


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)

Referenzen änneren

  1. XMM-NEWON@sci.esa.int, ofgeruff de 27. Juni 2011
  2. MPI Halbleiterlabor
  3. Max-Planck-Instituts für extraterrestrische Physik
  4. Firma KETEK