Chamberwale vum 1. Mäerz 1925

Bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 goufe 47 Deputéiert an dat nationaalt Lëtzebuerger Parlament, d'Chamber gewielt.

Resultater

änneren

D'Rietspartei huet par Rapport zu 1919 fënnef Sëtz (an domat déi absolut Majoritéit) verluer, blouf awer bei wäitem déi stäerkst Partei. Déi fréier Liberal Liga, déi bis 1919 déi dominant politesch Stréimung an der Chamber war, hat sech 1924 an dräi Splitterparteie gespléckt (d'Radikal Sozialistesch Partei (Parti socialiste radical), d'Liberal Lénk (Gauche libérale) an d'Radikal Partei (Parti radical), déi deementspriechend kee fir si befriddegend Resultat kruten. Och d'Sozialdemokraten (déi sech ewell Aarbechterpartei genannt hunn) konnten net u Sëtz zouleeën. Allgemeng hu bei dëse Walen eng ganz Rëtsch kleng Parteien oder Gruppéierunge kandidéiert (dacks just an engem eenzege Waldistrikt). Och wa se wéineg bis keng Sëtz kruten, hu si dach deene "Grousse" Stëmmen ewechgeholl. Nationalistesch Parteien hu liicht u Sëtz gewonnen.

Well d'Rietspartei keng Koalitioun mat enger Partei wollt agoen, déi géint den Eisebunnsaccord mat der Belsch gestëmmt hat (wat de Grond vum Mësstrauensvote géint déi vireg Regierung war), koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Koalitiounsregierung vun e puer méi klenge Parteien, der Regierung Prüm.

D'Kommunistesch Partei, déi als Aarbechter- a Bauerepartei opgetrueden ass,[3] hat just am Walbezierk Süden eng Lëscht opgestallt mee krut net genuch Stëmme fir e Kandidat an d'Chamber ze schécken.

Sëtz no Walbezierk

änneren
Sëtz no Walbezierk[1][2]
Partei / Lëscht Zentrum Süden Norden Osten Total
Rietspartei 5 6 6 5 22
Aarbechterpartei 1 6 1 / 8
Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") 5 / / / 5
Onofhängeg Nationalpartei / / 3 / 3
Radikal Lénk / 3 / / 3
Onofhängeg National Vereenegung 1 1 / 0 2
Onofhängeg Lénkspartei / / / 2 2
Onofhängeg Rietspartei / / 1 / 1
Liberal Lénk 1 / / / 1
Aarbechter a Bauerepartei / 0 / / 0
Bauerepartei / 0 / / 0
Total 13 16 11 7 47

/: keng Kandidaten an deem Bezierk

Gewielt Deputéiert

änneren

Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):

Deputéiert an der Chamber no de Wale vum 26. Oktober 1919[1][2]
Numm Partei Walbezierk
Eugène Dondelinger Rietspartei Süden
Pierre Düpong Rietspartei Süden
Auguste Collart Rietspartei Süden
Edouard Kirsch Rietspartei Süden
Nicolas Wirtgen Rietspartei Süden
Albert Wagner Rietspartei Süden
Joseph Bech Rietspartei Osten
Adolphe Klein Rietspartei Osten
Jean-Baptiste Didier Rietspartei Osten
Mathias Huss Rietspartei Osten
Jean-Pierre Wiltzius Rietspartei Osten
François Altwies Rietspartei Zentrum
Albert Philippe Rietspartei Zentrum
Auguste Thorn Rietspartei Zentrum
Jean Origer Rietspartei Zentrum
Jean-Pierre Ecker Rietspartei Zentrum
Emile Reuter Rietspartei Norden
Nicolas Meyers Rietspartei Norden
Ernest Lamborelle Rietspartei Norden
Auguste Delaporte Rietspartei Norden
Antoine Hansen Rietspartei Norden
Egide Petges Rietspartei Norden
René Blum Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Victor Wilhelm Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Pierre Krier Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Jacques Thilmany Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Nicolas Biever Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Adolphe Krieps Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Jean Hansen Lëtzebuerger Aarbechterpartei Zentrum
François Erpelding Lëtzebuerger Aarbechterpartei Norden
Pierre Godart Onofhängeg Lénkspartei Osten
Othon Decker Onofhängeg Lénkspartei Osten
Emile Mark Radikal Lénk Süden
Aloyse Kayser Radikal Lénk Süden
Albert Clemang Radikal Lénk Süden
Robert Brasseur Liberal Lénk Zentrum
Gaston Diderich Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") Zentrum
Marcel Cahen Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") Zentrum
Nicolas Ludovicy Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") Zentrum
Jacques Gallé Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") Zentrum
Marguerite Thomas-Clement Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") Zentrum
Eugène Hoffmann Onofhängeg Rietspartei Norden
Pierre Prüm Onofhängeg Nationalpartei Norden
Théodore Boever Onofhängeg Nationalpartei Norden
Nicolas Mathieu Onofhängeg Nationalpartei Norden
Hubert Loutsch Onofhängeg National Vereenegung Süden
Jean-Pierre Kohner Onofhängeg National Vereenegung Zentrum

Deputéiert no Beruff

änneren

11 Baueren a Wënzer, 11 Affekoten, 4 Eisebunner, 3 Geschäftsleit, 3 Dokteren, 3 Véidokteren, 2 Industrieller, 2 Gewerkschaftssekretären a jee een Nottär, Geeschtlechen, Zänndokter, Drécker, Zigarettefabrikant, Ingenieur, Comptable, Beamten an Transportentrepreneur.[1]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4. Mäerz 1925, S. 2
  2. 2,0 2,1 2,2 "Wahlresultate.", Luxemburger Tageblatt, 4. Mäerz 1925, S. 2
  3. "Nach den Wahlen - Die Kommunisten", Luxemburger Wort, 16. Juni 1931, Säit 4