Nicolas Meyers

lëtzebuergesche Politiker

De Jean Nicolas Meyers, gebuer den 30. August 1871 zu Bauschelt[1] an do gestuerwen den 31. Mee 1935, war e lëtzebuergesche Politiker[2] (Rietspartei).

Nicolas Meyers
Gebuer 30. August 1871
Gestuerwen 31. Mee 1935
Aktivitéit Politiker

Hie war vun 1918 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt.[3]

Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 gouf hien erëmgewielt.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. De Jean Nicolas Meyers op www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Nicolas Meyers am Luxemburger Wort vum 31. Mee 1935 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-03-15.
  3. Memorial N° 73 vun 1934 mat der Lëscht vun de Buergermeeschteren déi de 26. Dezember 1934 als Buergermeeschter ernannt goufen.