Jacques Thilmany
De Jacques Thilmany, gebuer den 3. Januar 1879 a gestuerwen de 15. Februar 1967[1], war e lëtzebuergesche Schéireschläifer a Politiker.
Hie war vun 1925 bis 1934 Deputéierte vun der Aarbechterpartei vum Walbezierk Süden.[2]
De Jacques Thilmany war och Schäffe vun der Gemeng Esch-Uelzecht.[3]
De Jacques Thilmany gëllt nieft dem Dr. Michel Welter als ee vun de Grënner vun der Sozialdemokratescher Partei, déi hie kuerz drop awer nees verlooss huet fir d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei matzegrënnen.[4] Hien ass och ee vun de Matgrënner vun der Zeitung Der arme Teufel.
ReferenzenÄnneren
- ↑ Gebuertsdag an Doudesdag vum Jacques Thilmany op der Websäit feblux.lu
- ↑ Noruf op de Jacques Thilmany an der 30. Sëtzung vun der Chamber den 21. Februar 1967
- ↑ Opzielung vum Schäfferot vun der Gemeng Esch op der 2. Säit
- ↑ Romain Hilgert: "Die älteste Partei des Landes feiert ihren 100 Geburtstag." d'Lëtzebuerger Land, 31. Oktober 2002.