Albert Clemang
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Clemang gebuer de 5. Juni 1868 zu Suessem, a gestuerwen de 26. Januar 1953 an der Stad Lëtzebuerg[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Albert Clemang | |
---|---|
Gebuer |
5. Juni 1868 Suessem |
Gestuerwen |
26. Januar 1953 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Kathoulesch Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Liewen
ännerenNodeem den Albert Clemang säi Secondaire an der Industrieschoul gemaach hat, goung hien op Universitéit vu Louvain en Ingenieursstudium maachen. Dat huet hien als Ingénieur des arts et manufactures du génie civil et des mines 1892 ofgeschloss. No engem Stage op der Dummeldenger Schmelz, goung hien an Däitschland bei d'Maschinenfabrik Köln-Bayenthal schaffen, an duerno op d'Schmelz zu Burbach. Op der Other Schmelz huet hie sech ëm d'Konstruktioun vun den Héichiewe bekëmmert. No sengem Bestietnes 1901 huet hie sech definitiv zu Lëtzebuerg néiergelooss.
Politiker
änneren1928 huet hien zesumme mam Gaston Diderich an dem Marcel Cahen de Parti radical[2] gegrënnt, eng radikal-liberal Beweegung, an och d'Zeitung Freie Presse.
De Clemang war 25 Joer laang Deputéierten an hat eng wichteg Roll beim Eisebunnsgesetz gespillt.
Nodeem d'Regierung Prüm am Summer 1926 opgeléist gi war, gouf hien an der Regierung Bech Minister fir ëffentlech Aarbechten, Handel an Industrie,[3] eng Charge déi hie bis 1932[4] hat.
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Grand officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand'Croix vum Ordre de la Couronne
- Commandeur vum Ordre National de la Légion d'honneur
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce vum Albert Clemang am Luxemburger Wort vum 27. Januar 1953 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 25. Juli 2022
- ↑ Eng vun de Virleeferorganisatioune vun der Demokratescher Partei
- ↑ Memorial vum 16. Juli 1926 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 17.02.2012.
- ↑ Memorial vum 16. Abrëll 1932 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 17.02.2012.