Hubert Loutsch

lëtzebuergesche Politiker a Jurist

Den Hubert Loutsch gebuer den 18. November 1878 zu Monnerech, a gestuerwen de 24. Juni 1946 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Politiker a Jurist[1].

Hubert Loutsch
Gebuer 18. November 1878
Monnerech
Gestuerwen 24. Juni 1946
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Partei CSV

Den Hubert Loutsch war vu Beruff Affekot. Hie war mat enger Duechter vum Historiker Arthur Herchen bestuet.

De 6. November 1915 gouf hie Staatsminister a Regierungspresident, an och Generaldirekter (d. h. Minister) fir Aussebezéiungen. D'Regierung Loutsch bestoung nëmmen aus Membere vun der Rietspartei, an der Chamber awer war de Lénksblock (Liberal a Sozialisten zesummen) majoritär. Doropshin huet d'Groussherzogin Marie-Adélaïde d'Chamber kuerzerhand den 23. Dezember 1915 opgeléist. Mä och an där neier Chamber hat d'Rietspartei keng Majoritéit. Den 11. Januar 1916 gouf d'Regierung vum Loutsch bei enger Vertrauensofstëmmung desavouéiert; de Victor Thorn gouf de 24. Februar 1916 säin Nofollger.

Vun 1920 bis 1934 war hie President vun der Assurancëgesellschaft La Luxembourgeoise.

Bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 gouf hien als Vertrieder vun der Union nationale indépendante als Deputéierten an d'Chamber gewielt wou hie säi Mandat bis 1934 behale konnt.

Hien ass de 24. Juni 1946 zu Bréissel gestuerwen.

Gielercher[1] änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Hubert Loutsch am Escher Tageblatt vum 27. Juni 1946 (S. 5)