Eugène Dondelinger

lëtzebuergesche Politiker

Den Eugène Dondelinger, gebuer den 20. Mäerz 1875 zu Keel[1] an do gestuerwen den 10. Januar 1934, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.[2]

Eugène Dondelinger
Gebuer 20. Mäerz 1875
Keel
Gestuerwen 10. Januar 1934
Keel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun, Politiker
Partei Rietspartei
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Eng éischte Kéier gouf hien den 11. Abrëll 1911 an d'Chamber gewielt.[1] Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 nees als Deputéierten an d'Chamber gewielt a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt. Hie war vun 1921 bis 1925 Vizepresident vun der Chamber.[1]

Hie war vun 1930 bis 1934 President vun der Rietspartei.

Hie war vun 1919 bis 1934 President vun der Fédération des commerçants.

Gielercher[2]Änneren

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Die Trauerfeierlichkeiten für Herrn Eugen Dondelinger am Luxemburger Wort vum 15. Januar 1934
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Eugène Dondelinger am Luxemburger Wort