Albert Philippe
lëtzebuergesche Politiker
Den Albert Maria Philippe, gebuer de 24. Mee 1886 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 17. Dezember 1941, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker vun der Rietspartei.[1]
Albert Philippe | |
---|---|
Gebuertsnumm | Albert Maria Philippe |
Gebuer |
24. Mee 1886 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
17. Dezember 1941 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Vun 1917 bis 1940 war hien am Stater Gemengerot a bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf hien an d'Chamber gewielt an hie gouf duerno ëmmer nees erëmgewielt a war bis zu sengem Doud Deputéierten.
Den 29. September 1941 gouf hie vun den Däitsche verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht vu wou hien de 4. November 1941 nees fräigelooss gouf.[1]
Hien huet sech ëmbruecht a gouf de 17. Dezember 1941 dout an der Uelzecht fonnt.[1]
Gielercher
änneren- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[2]
Um Spaweck
ännerenDen Albert Philippe op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale vum Paul Cerf bei Éditions Imprimerie St-Paul S. A. Luxembourg Säit 114
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen