Mathias Huss
De Mathias Huss, gebuer de 5. Januar 1860 zu Konsdref[1] a gestuerwen den 23. Februar 1928 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Politiker, Agronom an Dréckereibesëtzer.
Hie war vun 1908 bis zu sengem Doud Deputéierten an der Chamber.[3] Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 a bei Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt.
Nom Doud vum Philippe Bech gouf hien 1914 President vun der Rietspartei an ass dat och bis zu sengem Doud bliwwen.[1]
GielercherÄnneren
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1923)[2][4]
- Officier vum Ordre de Léopold[2]
ReferenzenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 Noruff op de Mathias Huss an der Luxemburger Illustrierte N°4 vun 1928
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Doudesannonce vum Mathias Huss am Luxemburger Wort vum 23. Februar 1928
- ↑ Ried vum Emile Reuter beim Begriefness vum Mathias Huss
- ↑ Memorial A N°4 vun 1923 mat enger Lëscht vu Leit déi 1923 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen