Auguste Thorn

lëtzebuergesche Jurist a Politiker

Den Auguste Thorn, gebuer den 29. November 1873 zu Réimech, a gestuerwen de 24. September 1948 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Auguste Thorn
Gebuer 29. November 1873
Réimech
Gestuerwen 24. September 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

1903 huet hie mat aneren de Luxemburger katholischer Volksverein gegrënnt, aus dem 1921 de Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ervirgaangen ass.[1]

1917, wéi hie Bâtonnier zu Lëtzebuerg war, gouf hien an d'Chamber gewielt, wou hie bis 1937 als Deputéierte bliwwen ass.

Als treien Unhänger vun der Monarchie huet hie vill dozou bäigedroen, datt nom Éischte Weltkrich déi republikanesch Pläng gescheitert sinn. Et war hien, deen den 13. November 1918 an der Chamber virgeschloen huet e Referendum iwwer déi nei Staatsform z'organiséieren.[2]

  • 1919 oder 1920-1923: Verwaltungsrot vun der Banque Belgo-Luxembourgeoise S.A.[3]

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Luxemburger Lexikon 1. Auflage 2006 S. 423
  2. Bras de fer 1918-1929 vum Charles Barthel, saint-paul 2006 ISBN 978-2-87996-735-6
  3. Mémorial A N° 85 vum 12. November 1922 Säit 4
  4. Mémorial A N° 4 vum 23. Januar 1932 Säit 2 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert goufen
  5. 5,0 5,1 Doudesannonce vum Auguste Thorn am Tageblatt vum 27. September 1948 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 09.11.2014.