Regierung Prüm
D'Regierung Prüm koum zu Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1925 an hir Funktioun. Si war aus de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 ervirgaangen an huet sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt. Si ass de 16. Juli 1926 zréckgetrueden, wéi Liberal a Sozialisten sech iwwer e Gesetzprojet iwwer Congé fir d'Aarbechter net eens konnte ginn.
Wéi se zesummegesat warÄnneren
- Pierre Prüm (Onofhängeg Nationalpartei): Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, den Intérieur an d'Landwirtschaft
- Norbert Dumont: Generaldirekter fir Justiz, Bauten, Handel an Industrie
- Othon Decker (Onofhängeg Lénkspartei): Generaldirekter fir Sozialversécherung an Aarbecht
- Étienne Schmit: Generaldirekter fir Finanzen a Bildung
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- D'Lëtzebuerger Regierungen zanter 1848.(Stand: 2011).