Pierre Krier

lëtzebuergesche Politiker


De Pierre Krier, gebuer de 4. Mäerz 1885 zu Bouneweg a gestuerwen den 20. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.

Pierre Krier
De Pierre Krier, ufanks der 1930er Joren.
Gebuer 5. Mäerz 1885
Bouneweg
Gestuerwen 20. Januar 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Politiker
Partei LSAP
Famill
Bestuet mat Lily Becker
Geschwëster Antoine Krier

De Pierre Krier war geléierten Eisebunnsschlässer, hie gouf fir d'éischt Heizer, duerno Lokomotivführer bei der Cie Guillaume-Luxembourg.

1916 gouf e Mataarbechter vun der Wochenzeitung Die Schmiede vun der Sozialdemokratesch Partei.

De Gewerkschaftler änneren

Am September 1916 war hie bei der Grënnung vun der éischter sozialistescher Gewerkschaft Luxemburger Metallarbeiter-Verband dobäi.

Vum Juli 1919 u war hie Generalsekretär vun de fräie Gewerkschaften a Redakter vun hirer Publikatioun, Der Proletarier.

Hien huet d'Fusioun vun der neutraler Gewerkschaft mat dem Luxemburger Metallarbeiter-Verband preparéiert an en huet zesumme mat sengem Frënd Nicolas Biever déi nei Gewerkschaft déi aus där Fusioun ervirgaangen ass: Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband.[1]

Deputéierten änneren

Den 30. Mee 1918 gouf hie bei de Walen am Kanton Esch op der Lëscht vun de Sozialdemokraten an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919, de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925, esou wéi de Partiell Chamberwale vum 3. Juni 1928 an de Partiell Chamberwale vum 3. Juni 1934 gouf hie jeeweils erëmgewielt ginn an ass am November 1937 duerch de Marcel Feller ersat ginn, wéi hie selwer Minister gouf.[2]

Gemengeconseiller änneren

Vun 1924 bis 1937 war hien am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Minister änneren

De 5. November 1937 gouf hien Aarbechtsminister an der Regierung Dupong-Krier. Hien huet dëse Portefeuille bis zu sengem Doud 1947 bäibehalen, och an der Zäit vun der Exilregierung.

De Pierre Krier war mat der Gewerkschaftlerin a Fraerechtlerin Lily Becker bestuet. Hie war de Brudder vum Antoine Krier.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Bras de fer 1918-1929 vum Charles Barthel S. 338, saint-paul 2006 ISBN 978-2-87996-735-6
  2. Lokalneuigkeiten am Escher Tageblatt vum 6. November 1937 op eluxemburgensia.lu