Als Parallax (gr. παραλλαγή parallagé „Verännerung“, „Ofwäichung“) bezeechent een d'visuell Ännerung vun der Position vun engem Objet, wann den Observateur seng eege Positioun ännert.

An der Waasserspigelung schéngt d'Sonn méi no bei der Lanter ze stoe wéi bei direkter Siicht op dës.

Méi streng definéiert ass d'Parallax de Wénkel tëscht zwou riichte Linnen, déi vu verschiddene Standplazen („Basislinn“) op ee Punkt (en Objet) geriicht sinn. Et ass och de Wénkel ënner deem déi Basislinn vum Observatiounspunkt aus virkënnt.

Hält een z. B. d'Hand viru sech a kuckt een ofwiesselnd mat dem lénksen an dem rietsen A, sou verréckelt sech d'Bild virun dem wäiten Hannergrond. D'Basis ass hei den Aenofstand. D'Parallax ass ëmsou méi grouss, wann den observéierten Objet méi no ass a wann d'Basislinn méi laang ass.

Opgrond vun der Parallax loosse sech Distanzen ofschätzen (Grondlag vum raimleche Kucken) oder mat techneschen Hëllefsmëttele berechnen. Hëllefsmëttele gi virun allem an der Astronomie an an der Fotografie gebraucht. Bei Miessungen u Skale kann een d'Parallax benotzen, fir méi genee Ofliesungen ze kréien.

Parallax an der Astronomie änneren

Deeglech Parallax, Héichteparallax änneren

Fir d'Distanzmiessungen vum Äerdmound a vun noe Planéite ka schonn den Äerdradius als Basislinn déngen. Sou erschéngt z. B.: d'Parallax vun der Venus tëscht zwéin Observatiounspunkten op der Äerdkugel an enger liicht verännerter Positioun virun dem Stärenhannergrond. Bei de rare Venusduerchgäng virun der Sonn gouf d'Parallax relativ zum Sonnerand gemooss an huet op déi Aart a Weis éischt Wäerter fir d'Astronomesch Eenheet bruecht.

Beim Äerdmound ass d'Parallax wéinst senger kuerzer Distanz maximal 2° (kuckt Horizontalparallax), d. h. de Mound zitt z. B. vun Europa aus gekuckt laanscht aner Stäre wéi a Südafrika.

En zweete Miessprinzip ass d'Benotze vun der Äerdrotatioun: Och vun engem eenzele Standpunkt aus entsteet eng Parallax, well d'Plaz eleng duerch d'Dréiung vun der Äerd verschiddee Positiounen erreecht. D'Uwendung vun deem Effet gëtt Héichteparallax genannt. Ëmgekéiert muss bei geneeër Astrometrie deen Afloss op d'Miessungen als Reduktioun korrigéiert ginn.

Järlech Parallax, Stäreparallax änneren

 
Prinzip vun der Stäreparallax: Duerch déi järlech Beweegung vun der Äerd ëm d'Sonn verréckelt sech en noe Stär virun dem wäiten Hannergrond am Hallefjoerrhythmus (op der Zeechnung staark iwwerdriwwen)

D'Parallax gëtt fir d'Distanzmiessung vun noe Stären agesat. Als Basislinn déngt de Radius vun der Äerdbunn. Den Ëmlaf vun der Äerd ännert déi visuell Stärepositiounen a Form vun enger klenger Ellips, där hir Form vum Wénkel ofhänkt, an deem de Stär vun der Ekliptik ofsteet. D'Parallax ass de Wénkel, ënner deem de Radius vun der Äerdbunn vum Stär aus erschéngt. Bedréit d'Parallax eng Bousekonn (1/3600 vun engem Grad), sou entsprécht dat enger Distanz vun 3,26 Liichtjoer oder ronn 31 Billioune Kilometer. Des Distanz gëtt och als 1 Parsec (parallax arc second) bezeechent.

D'Parallax ass selwer bei noe Stären sou kleng, datt ee si laang net richteg konnt gesinn. Op der Sich no der Parallax gouf en aneren Effet, d'Aberratioun entdeckt. Eréischt 1838 ass et dem Friedrich Wilhelm Bessel gelongen, d'Parallaxmiessung ze fannen. Hien huet de Schnellleefer 61 Cygni ausgesicht a konnt d'hallefjoerlech Wénkelännerung no villen Analysen op 0,3" (0,00008 Grad) bestëmmen. Beim sonnennoste Stär Proxima Centauri (4 Liichtjoer vun der Äerd ewech) ass d'Parallax nëmmen 0,772". An de 1990er Joren ass et mat dem europäeschen Astrometriesatellit Hipparcos gelongen, genee Parallaxemiessunge fir 118.000 Stäre ze maachen.

Parallax an der Fotografie änneren

 
Parallaxfeeler bei enger Sichkamera, schematesch

An der Fotografie trëtt bei zweeaege Kameraen, souwuel bei Sichkameraen wéi och zweeaege Spigelreflexkameraen, e Parallaxfeeler op: De Bildausschnëtt am Sucher an dat resultéierend fotografescht Bild stëmmen net iwwereneen. Dese Feeler gëtt naturgeméiss ëmsou méi grouss, wat den Objet méi wäit ewech läit.

Sou Kameraen hunn dofir e Parallaxenausgläich: D'Distanzastellung vun der Kamera déngt net nëmme fir d'Fokusséierung vum Objektiv (Schäerft), mä verännert och de Wénkel tëscht Sucher an Objektiv.

Um Spaweck änneren

Commons: Parallaxe – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie