En autonoomt Gefier ass e motoriséiert Gefier, dat ouni Chauffer op der oppener Strooss fuere kann.

Autonoomt Gefier um Fluchhafen zu Frankfurt

D'Konzept vum autonome Gefier besteet dodra fir e Gefier z'entwéckelen an ze produzéieren, dat op der ëffentlecher Strooss, am normale Verkéier an an alle Situatioune fuere kann, ouni datt e mënschleche Chauffer agräife muss. Et ass eng typesch Uwendung am Beräich vun der mobiller Robotik, an där vill Acteure mat agebonne sinn. Trotzdeem bleiwen nach vill technesch, legal, psychologesch a juristesch Froen ze klären.

Autonom Gefierer gëtt et zur Zäit nëmmen als Prototyppen. Et schaffen en ettlech Entreprise vun der Informatiounstechnik an der Automobilindustrie an aner Gruppen drun, autonom Gefierer als Masseproduktioun fir de Verkaf ze produzéieren.

Definitioun änneren

Ënner de Begrëff „autonoomt Gefier“ falen des Weideren och Camionen, landwirtschaftlech Zuchmaschinnen a Militärgefierer déi ouni Afloss vum Chauffer oder ganz ouni Chauffer fueren. Net als „autonoomt Gefier“ bezeechent gëtt e Gefier dann, wann et vun engem Mënsch ferngesteiert gëtt an also net autonom fiert.

De Begrëff vum „Auto(mobil) dee selwer fiert“ ass, wann een d'Bedeitung vum Wuert net beuecht, eng Tautologie, well schonn de Begrëff "Automobil" aus dem Griicheschen αὐτός autós „selwer“ an aus dem Laténgeschen mobilis „beweeglech“ entstanen ass.

Autonoomt Fuere gëtt gemenkerhand mat Gefierer associéiert, déi - änlech wéi e Fliger am Autopilot-Modus - selwer an ouni mënschlecht Agräifen, steieren, d'Spuer wiesselen, acceleréieren, bremsen, de Winker un- an ausmaachen asw.

Prinzipien änneren

Mam Begrëff vum „autonome Gefier“ ka souwuel e ganz autonoomt wéi och en „hallef-autonoomt“ Gefier gemengt sinn, dat mat verschiddene Systemer ekipéiert ass déi en automatiséiert Fueren ënnerstëtzen, wéi z. B. an der Stad oder op der Autobunn, oder och fir automatesch ze parken.

En autonoomt Gefier, dat en ëmgebaut Standardgefier si kann, ass mat digitale Sensoren (Kameraen, Radaren, Sonaren, Laserdetektoren asw.) ekipéiert, deenen hir Date mat spezielle Prozesseren a Software verschafft ginn:

  • mat der Fusioun vun all dësen Daten ermëttelt d'Software eng 3D-Verkéierssituatioun duerch d'Erkenne vu Formen (Bord vun de Stroossen, Verkéiersspueren, Gefierer, Hënnernesser a Verkéiersschëlter an de Programm benotzt Algorithme vun der kënschtlecher Intelligenz, fir z'entscheeden, wéi d'Gefier reagéiere soll ;
  • d'Aktiounen déi vun der Software decidéiert goufen, ginn iwwer eng Servosteierung op d'Steierrad, den Accelerateur, de Bremssystem an op verschidde Schnëttstellen iwwerdroen déi et erméiglechen d'autonoomt Fueren un- oder auszeschalten.

Autonomiesniveauen änneren

An Europa an an den USA gëtt d'Klassifizéierung vum autonome Fueren a sechs Niveauen agedeelt:

  • Niveau 0: Nëmmen de Chauffer selwer fiert;
  • Niveau 1: Fuerassistenz: verschidden Assistenzsystemer (z. B. Tempomat) hëllefe bei der Manipulatioun vum Gefier;
  • Niveau 2: Deelweis Automatiséierung. Funktioune wéi automatesch parken, Spuer halen, allgemeng Längsféierung, Acceleréieren, Ofbremsen,asw. gëtt alles vun de Systemer iwwerholl;
  • Niveau 3: Automatiséierung ënner verschiddene Konditiounen: de Chauffer muss de System net dauernd iwwerwaachen. D'Gefier féiert selbststänneg Funktiounen aus wéi d'Un- an Ausmaache vum Winker, de Spuerwiessel, d'Anhale vun der Spuer, asw. De Chauffer ka sech mat anere Saache beschäftegen, gëtt awer wann néideg bannent enger gewësser Virwarnzäit vum System opgefuerdert d'Steierung z'iwwerhuelen. Dës Form vun Autonomie ass op den Autobunnen technesch méiglech.
  • Niveau 4: Héichautomatiséierung: D'Steierung vum Gefier gëtt permanent vum System iwwerholl; de Chauffer kann awer opgefuerdert ginn, d'Steierung z'iwwerhuelen, wann de System net méi eens gëtt;
  • Niveau 5: Vollautomatiséierung: et ass kee Chauffer néideg. Ausser fir festzeleeën wou d'Gefier fort a wou et hi fuere soll ass kee mënschlecht Agräifen erfuerderlech.

Sécherheet änneren

D'USA si Virreider an der Erprouwe vun autonome Gefierer. 2015 waren a Kalifornien 48 där Gefierer fir den ëffentleche Verkéier zougelooss. D'California Department of Motor Vehicles (DMV), ee Staatsbetrib deen a Kalifornien zoustänneg ass fir d'Führerschäiner auszestellen, iwwerwaacht och d'Tester mat autonome Gefierer. Entreprisen déi eng Erlabnes hu fir autonom Gefierer ze testen, mussen all Joer e Rapport iwwer Ausfäll an Accidenter ofginn, déi fir  2015 bis 2017 disponibel sinn.

Ausfäll an Accidenter
Constructeur Total (km) Agrëff Streck jee Agrëff
Waymo 567.366 63 9005,8
GM Cruise 211.912 105 2018,2
Nissan 8.058 24 335,8
Zoox 3.611 14 257,9
Drive_ai 9.680 92 105,2
Baidu 3.137 43 73,0
Telenav 2.544 52 48,9
Aptiv 2.915 81 36,0
Nvidia 813 109 7,5
Valeo 888 212 4,2
Bosch 3.285 1196 2,7
Mercedes-Benz 1.751 843 2,1

Déi vollautonom Autoe vu Google waren an eng Rëtsch Accidenter verwéckelt, meeschtens bannent den Uertschaften. An engem vun de Fäll déi bekannt goufen, huet den autonomen Algorithmus den Accident verursaacht.

De 7. Mee 2016 koum et zu engem déidlechen Accident mat engem Auto vum Typ Tesla Model S. Wéi wäit d'Autonomie vum Auto wierklech gaangen ass, gëtt zanterhier analyséiert. De Chauffer vum Tesla ass bei enger Kollisioun mat engem Camion deen no lénks ofgebéit ass ëmkomm, well weder den „Autopilot“ nach de Chauffer eng Noutbremsung ageleet hat. Wéi et schéngt, soll de Fuerassistenz-System de Camion mat engem Schëld, dat héich an de Luucht hänkt, verwiesselt hunn.

Gesellschaftlech Debatt änneren

Vir- an Nodeeler, nach net geléist Problemer änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Eethesch Froen änneren

Wei reagéiert en autonoomt Gefier wann en Accident inevitabel ass? änneren

Et muss ee sech bewosst sinn, datt weltwäit ëmmer méi autonom Gefierer an ëmmer méi héich entwéckelt Autoen op de Stroosse verkéieren. Well Accidenter ni komplett evitéiert kënne ginn, z. B. duerch mënschlech Feeler, wann e Foussgänger op eemol einfach iwwer d'Strooss geet, muss ee sech d'Fro stellen, wat den Auto schlussendlech maache soll. Bei engem Mënsch ass et méi einfach, dee reagéiert an deem Abléck, ouni vill z'iwwerleeën, Haaptsaach dat Schlëmmst gëtt evitéiert. Bei engem autonomen Auto ass dës Situatioun komplizéiert, well den Auto virprogramméiert ass, a sou reagéiert wéi e programméiert gouf. E Mënsch handelt a sou enger Situatioun instinktiv, mä een Auto huet keng Instinkter.

Wéi soll en Auto a sou enger Situatioun reagéieren? Soll den Auto den eenzele Foussgänger iwwerfueren an d'Persounen am Auto schützen, oder soll en dem Foussgänger auswäichen an de Chauffer a seng Passagéier a Gefor bréngen?

D'Decisioun wéi sech d'Gefier an den eenzele Situatioune verhale soll, gëtt laang virun engem eventuellen Accident getraff. Dës Tatsaach huet wiesentlech Konsequenze fir d'Bewäertung vun engem Accident duerch en autonoomt Gefier. Sou stelle sech beispillsweis follgend Froen:

  • Kann eng Maschinn eng Situatioun iwwerhaapt richteg bewäerten, ka se beispillsweis tëscht enger Poppekutsch an enger richteger Kannerkutsch ënnerscheeden?
  • Géif den Ausgläich vu Mënscheliewen - utilitaristesch gesinn - eng onzoumuttbar Instrumentaliséierung vun de "Geafferten" duerstellen?
  • Wann en Ausgläich sënnvoll wier, wéi wier dat z'organiséieren, wéi eng Krittäre géifen eng Roll spillen (z. B. Zuel vun de Mënschen oder den Alter)?

Besonnesch déi lescht Fro ass Géigestand vun der aktueller Fuerschung. Wat de Praxisbezug vun enger Programméierung (a moralesche Froen) vun enger Maschinn méi staark gëtt, wat ëmmer méi Problemer opdauchen.

Verbrauch u Ressourcen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Autonom Gefier zu Lëtzebuerg änneren

 
De City Shuttle am Pafendall.

Am September 2018 goufen zwéi Projeten zu Lëtzebuerg virgestallt:

Bei béide Projeten handelt et sech ëm elektresch Gefierer vun der franséischer Firma Navya an deene bis 14 Persounen transportéiert kënne ginn. Wärend dem Proufbetrib ass en Techniker am Gefier, deen zu all Moment agräifen an d'Passagéier informéiere kann.

Um Fluchhafe Findel war och en autonom Bus vun Navya getest ginn, dee sech do allerdéngs als ze kleng fir den Transport tëscht dem Parking an dem Fluchhafen erausgestallt huet, wouduerch d'Fluchhafegesellschaft do elo en anere elektresche Bus asetzt.

Um Spaweck änneren

Commons: Autonoomt Gefier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Autonomes Fahren in Contern op radiosalue.de den 13. September 2018
  2. Le premier bus autonome du pays roulera à Contern op lessentiel.lu den 13. September 2018