Wikipedia Diskussioun:WikiProjet Schreifweis 2019

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Zinneke

Nach eng Kéier,

et wier gutt, wann déi ganz Ännerungen dokumentéiert géifen, fir dass dat net just fir 1-2 Leit, ma fir jidereen novollzéibar ass.

--Zinneke (Diskussioun) 14:52, 25. Nov. 2019 (UTC)Äntweren


Moien, Ech mengen net, datt all déi "Verbesserungen" oder Reformen eppes bréngen.

Et fängt scho mam Wuert "Orthografie" un. Wou ass do d'Logik? 'Ortho-' ass griechesch, '-graphie' och, awer net '-grafie'.

Firwat soll lo 'Kolleege' geschriwwe ginn, wann am Däitschen de laang ausgeschwatenen e vu 'Kollegen' net verduebelt gëtt?

A wa scho geschriwwe soll ginn, wéi geschwat gëtt, firwat dann net ëmmer an iwwerall? << Méng Mamm wunnt eleng zu Diddeléng a mengt, datt et hiir besser zu RuppEsch géif gefaalen >>. Wéivill angeblech Feeler hunn ech lo gemaach?

An dann nach déi vill franséisch Wierder, déi ouni Apostroph net direkt an der Méizuel (Mehrzahl) z'erkenne sinn: << No de Bilanen, déi och d'Projeten opweisen, déi schonn an de Budgete provisionnéiert sinn, musse mer d'Choixe fir d'Zukunft bespriechen, well d'Besoinen net z'ënnerschätze sinn. >> Een Apostroph tëscht dem franséische Wuert an der lëtzebuergescher Pluralendung géif d'Saach sécher direkt méi lieserlech maachen.

Mee et schéngt, datt et nëmmen drëms geet, originell ze sinn, op Distanz mam Héidäitschen ze goen an um Enn eng "eege" Schrëftsprooch ze hunn, déi zwar wéi Finnesch ausgesäit, mee vu kengem méi logesch a richteg geschriwwe ka ginn.

Dat nennt ee Progrès!

Bescht Gréiss,

C.

Du bass am falsche Film, wéi schonn sou dacks. Wanns de dech wëlls iwwer d'Schreifweis bekloen da maach dat op dëser Plaz. Dat sinn d'Leit déi dofir zoustänneg sinn. Awer duerfir feelt der sécher de Courage. --87.65.83.203 13:10, 5. Feb. 2021 (UTC)Äntweren
Effektiv si mir hei just 'Gebraucher' vun der Schreifweis, wéi se vun deenen zoustännegen Autoritéite festgeluecht goufen. Sech iwwer eng Orthografie opreegen ass ongesond a bréngt näischt - ausser vläit Der kréicht den CPLL oder den ZLS iwwerzeegt, Iech als Member opzehuelen - déi si bestëmmt bänzeg op konstruktiv Virschléi. --Zinneke (Diskussioun) 14:23, 5. Feb. 2021 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Projetssäit "WikiProjet Schreifweis 2019".