AVL-Linn 1

fréier Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 1 war eng Buslinn vun de Stater Bussen déi vum 15. September 2008 bis den 12. Dezember 2020 um Trajet Hollerech/P+R Bouillon - Gare - Stad - Kierchbierg/Luxexpo a Retour gefuer an op dem Trajet an all Richtung 24 Halten[1] bedéngt huet. Fir net parallel mam Tram iwwer d'Avenue John F. Kennedy ze fueren, ass den 10. Dezember 2017 den Trajet um Kierchbierg liicht geännert ginn. D'Linn 1 ass vun deem Dag un iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an duerno laanscht d'Spidol um Kierchbierg gefuer.

AVL-Linn 1
E Bus op der Linn 1 an der Aler Avenue a Richtung Kierchbierg
Hollerech - Kierchbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) AVL Betriebshof 49°36'0,2"N, 6°6'24,5"O
op Luxexpo Entrée Sud 49°38'3,9"N, 6°10'12,4"O
iwwer Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Kierchbierg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 15. September 2008
zougemaach 12. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 10,886 km, 10,844 km
Fuerzäit 40 min, 39 min
mëttel Vitess 15,93 km/h, 15,87 km/h

Wéinst dem Tramsschantjen huet d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt geféiert amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[2].

Vu méindes bis freides ass se all 20 a sonndes all 30 Minutte gefuer. Samschdes ass d'Linn 1 just mueres fréi an owes spéit gefuer. Op den Halte Rout Bréck - Pafendall, Alphonse Weicker a Luxexpo konnt ee vun der Linn 1 op d'Tramslinn T1 ëmklammen.

Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Nohaltegkeetsministère ass déi deemoleg RGTR-Linn 125 vum 1. Juni 2015 un um selwechten Trajet wéi d'Linn 1 tëscht dem P+R Bouillon an der Halt Hôpital Kirchberg[3] um Kierchbierg gefuer. D'Fuerpläng vun den zwou Linne ware sou versat, datt um gemeinsamen Trajet wiertes all 10 Minutten, samschdes all 20 a sonndes all 30 Minutten a Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser sougenannter "Kombilinn" hunn dann och déi zwou Linnennummeren 1/125 ugewisen.

Mat der Verlängerung vum Tram bis bei d'Stater Gare den 13. Dezember 2020 huet d'Tramslinn T1 d'Verbindung Gare Centrale - Luxexpo iwwerholl an d'Linn 1 ass ofgeschaaft ginn. Zu Hollerech gouf den Deel vun der fréierer Linn 1 duerch d'Linn 20 an um Kierchbierg duerch d'Linn 21 ersat.

Halten op der fréierer Linn 1 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert waren.)

Linn 1 (Aller) Bemierkung
  AVL Betriebshof betriblech Halt
  AVL Portal betriblech Halt
  P+R Bouillon Quai 1B  
  P+R Bouillon Quai 2B
  Jean-Baptiste Merkels
  Fonderie
  Gare Centrale Quai 12  
  F. D. Roosevelt Quai 1
  Hamilius Quai 1
  Fondation Pescatore Quai 1
  Rout Bréck - Pafendall      
  B.E.I.
  Jean Monnet
  Antoine de St Exupéry
  Konrad Adenauer
  Coudenhove-Kalergi
  Albert Borschette
  Réimerwee
  Alphonse Weicker  
  Hôpital Kirchberg Quai 1B
  Luxexpo Quai 5B    
  Poutty Stein
  Luxexpo Entrée Sud Quai 1
  Luxexpo Entrée Sud Quai 2

Entwécklung vun der Linn 1 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 23.05.1960 un: Gare - av. de la Liberté - Stad - av. de la Gare - Gare
  • 1971 - 1982: Gare - Stad - Plateau Bourbon - Gare
  • 1983 - 1990: et gouf keng Linn mat der Nummer 1
  • 1990 - 2001: Kuelebierg - Zéisseng - Gare/Stad - Kräizgrënnchen - Stroossen
  • 2001 - 2006: Kuelebierg/rue Verte - Zéisseng - Gare/Stad - Kräizgrënnchen - Stroossen -Bartreng/Waassertuerm
  • 2006 - 2008: Gaasperech/Fr. Hogenberg - Kuelebierg - Zéisseng - Gare/Stad - Kräizgrënnchen - Stroossen - Bartreng/Waassertuerm
  • zanter 2020: et gëtt keng Linn mat der Nummer 1 oder 1/125

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 1 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. inklusiv den zwou betriblechen Halten AVL Betriebshof an AVL Portal 
  2. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019
  3. virum 10. Dezember 2017: Halt John F. Kennedy