Diskussioun:Rond-point Serra

Letzter Kommentar: viru(n) 8 Joer von Zinneke in Abschnitt Odonym

Odonym änneren

Moien,

ech sinn net sécher, ob dat deen "offiziellen" Numm ass. Ech hunn och alt einfach "Echangeur Est" gelies. Weess een do méi, ob resp. wéini dee Rond-Point no enger Persoun, déi nach lieft, genannt soll ginn? Soss musse mer am Artikel preziséieren, datt en e "Gebrauchsnumm" ass.--Zinneke (Diskussioun) 11:19, 30. Okt. 2015 (UTC)Äntweren

En ass mol an der Lescht ëmmer sou um Radio ernimmt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 23:28, 30. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
D'Bauverwaltung nennt en och esou, op dëser Säit steet: Pour toute la durée du chantier, à la hauteur du rond-point Serra (N51) l’accès au Kirchberg.. etc ....... --Les Meloures (Diskussioun) 23:40, 30. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
Merci, Les Meloures, fir dës Referenzen. Et ass mer kloer dass en "esou genannt gëtt", dofir hunn ech de Artikel jo och eosu lemmatiséiert. D'Fro ass, wou beluecht ass, wéini a wou en deen Numm offiziell krut - wann iwwehaapt. Gebrauchsnumm oder offiziellen Numm dat ass d'Fro. --Zinneke (Diskussioun) 12:51, 31. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
Ech huelen un datt et éischter e Gebrauchsnumm ass well an der Beschreiwung vun der N51 nennt Bauverwaltung déi Plaz giratoire SERRA, wat jo éischter der teschnecher Funktioun Rechnung dréit wéi der Benennung als Rond-point. --Les Meloures (Diskussioun) 13:17, 31. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
Am Kadaster huet en och nach keen Numm, all déi aner ausser dem Siwebur op der Biff sinn dem Kadaster och bekannt. Ech ginn och dervun aus, datt vü datt dat Déngen um Territoire vun der Stad läit, déi de Patron ass fir Nimm ze verginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:10, 31. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
De Rond-Point gouf uganks emol inoffiziell "Rond-Point Schrott" genannt; dëst war och emol eng Kéier esou iwwer de Radio gesot ginn a koum net iwwerall gutt unn... duerno ass den Numm "Rond-Point Serra" an de Sproochgebrauch iwwergaangen, ebe well d'Skulptur vum Richard Serra ass. "Offiziell" huet d'Stad Lëtzebuerg dem Rond-Point awer (nach) keen Numm ginn.
Ech ginn den Tipp emol virun, vläicht gëtt den Numm dann eng Kéier offizialiséiert oder de Rondel kritt en aneren Numm. --GilPe (Diskussioun) 16:25, 31. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
Merci, dat konfirméiert meng Hypothes. Ech schriwen dat emol an den Text. --Zinneke (Diskussioun) 18:39, 31. Okt. 2015 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Rond-point Serra".