Belschen Annexionismus
Dësen Artikel beschreift verschidde Bestriewungen an der Belsch am 19. a fréien 20. Joerhonnert, fir Lëtzebuerg z'anektéieren.
Wéi 1839 den Traité vun de 24 Artikelen applizéiert gouf, ass d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, dat 1815 vum Wiener Kongress gegrënnt gi war, tëscht dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. an dem neie belsche Staat gedeelt ginn: déi romanesch Géigende plus d'Areler Land sinn der Belsch zougesprach ginn (-> belsch Provënz Lëtzebuerg), an de Rescht - d. h. de Grand-Duché a sengen haitege Limitten - ass beim Wëllem I. bliwwen an huet säi komplizéierte Statut behal (Personalunioun mat Holland, Memberschaft am Däitsche Bond an eng preisesch Garnisoun an der Bundesfestung Lëtzebuerg).
Well awer d'Bevëlkerung vum Grand-Duché wärend der belscher Revolutioun (1830-1839) zu engem gudden Deel mat de Belsch sympathiséiert hat, wéinst dem Wëllem I. senger ongeschéckter bis ongerechter Politik am Lëtzebuerger Land, huet d'Belsch am Laf vun der Zäit ëmmer nees versicht de reduzéierte Grand-Duché "erëm" ze kréien, wéi wann hir 1839 eppes zu Onrecht ofgeholl gi wier. Dobäi muss ee sech froen, ob ee Land, dat eréischt 1830 entstanen ass, eppes ka verluer hunn, dat schonn 1815 engem anere Staat gehéiert huet.
An enger éischter Phas huet d'Belsch sech net direkt annexionistesch ginn. Dofir war d'Konjunktur nach net räif, an den neie Staat huet emol beweise missen, datt e stabil a liewensfäeg war. Dem "klenge" Grand-Duché hunn d'Belsch awer direkt kommerziell Virdeeler mat der Loi de Faveur vum 6. Juni 1839 geséchert, an all Awunner vum Grand-Duché, dee sech an der Belsch néiergelooss huet, konnt ouni Weideres d'belsch Nationalitéit ufroen a kréien.
1866 huet d'Kinnekräich Preisen d'Keeserräich Éisträich bei Königgrätz a Béimen militäresch decisiv geschloen. Den Däitsche Bond gouf opgeléist, an Éisträich ass gebiede ginn, sech zu Gonschte vu Preisen aus den däitschen Affären erauszehalen. D'Preisen awer hunn hir Garnisoun zu Lëtzebuerg "vergiess". Wéi 1867 de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. du bereet war, "säi" Grand-Duché un den Napoleon III., Keeser vun de Fransousen, ze verkafen, wier et bal zu engem franséisch-preisesche Krich komm, well d'ëffentlech Meenung am preisesch beherrschten däitsche Raum dogéint war, datt d'Groussherzogtum, wou d'Leit "Lëtzebuerger Däitsch" geschwat hunn an dat bis 1866 am Däitsche Bond gewiescht war, an zanter 1842 am Däitschen Zollveräin integréiert war, sollt u Frankräich kommen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg-Kris.
Am Kontext vun der Kris, déi zu gudder Lescht 1867, op der zweeter Konferenz vu London, mat der Neutraliséierung vum Lëtzebuerger Land geléist gouf, huet de Kinnek vun de Belsch, de Leopold II. deklaréiert: "D'Annexioun vum Groussherzogtum Lëtzebuerg un d'Belsch wier dat Héchst, wat ënner menger Herrschaft kéint passéieren" (" L'annexion du Grand-Duché de Luxembourg à la Belgique serait la gloire de mon règne "). Aus deem Wonsch, dem "Retour un d'mère-patrie vun de Bridder, déi 1839 verlooss gi waren" (dixit de belschen Historiker R. Demoulin 1968), gouf allerdéngs näischt.
Wéi 1890 de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. ouni männlechen Ierwe gestuerwen ass, huet d'Belsch ee Moment gemengt, den Ablack wier elo komm, fir de Grand-Duché ze "recuperéieren". Duerch d'Applikatioun vum Familljepakt vun den Nassauer huet de Grand-Duché dunn awer eng nei Dynastie kritt: den alen Herzog vun Nassau, den Adolf, gouf Groussherzog vu Lëtzebuerg, an d'Belsch konnten hiren Dram weiderdreemen.
Ënner dem Groussherzog Wëllem IV., dee kee männlechen Ierwen hat, mä "nëmme" sechs Meedercher, an dee gesondheetlech ugeschloe war, koum et an der Belsch schonn nees zu Spekulatiounen. Allerdéngs gouf 1907 d'Successiounsgesetz zu Lëtzebuerg geännert (d'Loi salique gouf ofgeschaaft), an déi eelst Duechter vum Wëllem IV., d'Prinzessin Marie-Adelheid, konnt dunn Ierfgroussherzogin ginn. 1912, nom Doud vun hirem Papp, ass si dann och op den Troun komm.
Wärend dem Éischte Weltkrich, an och nach am Joer 1919, huet de belschen Annexionnismus héich Welle geschloen. Ënner dem duebele Virwand, d'Lëtzebuerger Land - dat neutral war a keng richteg Arméi hat - hätt "seng Flicht net gemaach", a seng Herrscherin, d'Marie-Adelheid, hätt Sympathie fir den däitsche Besatzer gewisen, huet d'belsch Propaganda all Regëstere gezunn, fir de Grand-Duché ënner iergendenger Form un d'Belsch unzeschléissen. Am léifsten hätten d'Propagandiste vun der "Grande Belgique", ë. a. de Gaston Barbanson, de Pierre Nothomb an de Fernand Neuray, Lëtzebuerg einfach annektéiert. D'Gebitt vum Grand-Duché hätt deemno eng nei Provënz vun der Belsch hierginn, d'Provënz Ost-Lëtzebuerg. Wann dat net méiglech gewiescht wier, da wier eng Personalunioun tëscht dem belsche Kinnekräich an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg nach ëmmer eng acceptabel Léisung gewiescht: de Kinnek vun de Belsch, deemools den Albert I., wier eeben och nach Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. De Minimum awer, deen d'Annexionisten acceptéiere wollten, war eng Wirtschaftsunioun. Well nun awer Frankräich och u Lëtzebuerg intresséiert war (Stolindustrie, Eisebunnsnetz,...), anerersäits d'Belsch net ze vill widder de Kapp wollt stoussen, koum et schliisslech zu engem Accord: Frankräich huet der Belsch Lëtzebuerg souzesoen iwwerlooss, konnt awer dunn d'Belsch dozou beweegen, ee geheimt Verdeedegungsofkommes mat hir ofzeschléissen.
Zu Lëtzebuerg, wou eng uerg politesch Kris am Gaang war, koum et den 28. September 1919 zu engem duebele Referendum: d'Vollek, dat eréischt kuerz virdrun d'allgemengt Walrecht kritt hat, huet sech am politeschen Deel vum Referendum fir d'Bäibehale vun der Groussherzogin Charlotte, déi jo d'Marie-Adelheid, déi uganks 1919 ofgedankt hat, ofgeléist hat, ausgedréckt, an am wirtschaftlechen Deel, fir eng Zesummenaarbecht mat Frankräich. D'Eventualitéit vun enger Personalunioun mat der Belsch, an och déi vun enger Wirtschaftsunioun mat der Belsch, goufe verworf. Fir déi belsch Annexioniste war dat ee grousse Réckschlag. Mä wéinst deem belsch-franséischen Accord, dee virdrun ernimmt gouf, koum et am Beräich vun der Ekonomie dach nach zu belsch-lëtzebuergesche Verhandlungen. Um Enn ass Lëtzebuerg, mat senger eegener Dynastie, onofhängeg bliwwen, an um wirtschaftleche Plang gouf, no langen an zéien Diskussiounen, d'"Union économique belgo-luxembourgeoise" (UEBL) gegrënnt an 1922 ratifizéiert.
Literatur
änneren- Pierre Nothomb, Histoire belge du Grand-Duché de Luxembourg ; Paräis (Librairie académique Perrin), 1915.
- Jean Stengers, Léopold II et le Grand-Duché de Luxembourg ; in: Hémecht, Jgg. 42 (1990), Heft 4, Ss. 501-539.
- Jacques Willequet, Gaston Barbanson, promoteur d'une "Grande Belgique" en 1914-1918 ; in: Revue belge de Philologie et d'Histoire (RBPH), XLVIII, 1970, Heft 2, Ss. 335-376 & Heft 4, Ss. 1177-1206.
- Christian Calmes, 1914-1919: Le Luxembourg au centre de l'annexionnisme belge ; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1976.
- Christian Calmes, 1919 - L'étrange référendum du 28 septembre ; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1979.
- Gilbert Trausch, Du Zollverein à l'Union économique belgo-luxembourgeoise (1914-1922) - Un virage difficile pour un petit pays ; in: Hémecht, 1984, Heft 3, Ss. 343-390.
- Les destinées économiques du Luxembourg en 1841. Zollverein ou Union belge? in: Revue générale, février 1922.