Pierre Nothomb

belsche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Pierre Nothomb. Fir aner Leit mam Numm, kuckt wgl. Nothomb (Homonymie).

De Pierre Nothomb, gebuer den 28. Mäerz 1887 zu Tournai a gestuerwen den 29. Dezember 1966 zu Habay-la-Neuve, war e belsche konservative Politiker, Publizist a Schrëftsteller.

Pierre Nothomb
Gebuer 28. Mäerz 1887
Tournai
Gestuerwen 29. Dezember 1966
Nei-Habech
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Biograph, Dichter, Essayist, Journalist
Partei Kathoulesch Partei
Famill
Kanner Paul Nothomb, Charles-Ferdinand Nothomb

Liewen a Wierk änneren

De Pierre Nothomb war ee Groussneveu vum Staatsmann Jean-Baptiste Nothomb, deen eng bedeitend Roll am Kader vun der Gebuert vum belsche Staat (1830-1839) an och duerno gespillt hat. No sengem Secondaire bei de Jesuitten huet de Pierre Nothomb zu Léiwen Droit studéiert an du säin Affekotestage beim bekannte Jurist, Politiker an Auteur Henri Carton de Wiart gemaach. Mä d'Schrëftstellerei huet hien deemools scho méi intresséiert wéi den Droit, an hien huet Gedichter, Geschichten a Seeërcher, Essaiën a soss Texter verfaasst.

Den Éischte Weltkrich huet him d'Geleeënheet ginn, mat der Fieder géint den däitsche Besatzer ze kämpfen: hien huet eng ganz Serie vu Broschüre publizéiert, an deenen hien d'Schicksal vu senger ënnerdréckter Heemecht beschriwwen huet, awer och seng Virstellunge vun enger grande Belgique, déi nom Krich ze realiséiere wier: zesumme mam Gaston Barbanson a mam Fernand Neuray huet hien d'Annexioun ë. a. vum Groussherzogzum Lëtzebuerg gefuerdert, wéi wann dat Land e belscht Elsass-Loutrengen gewiescht wier. De Pierre Nothomb war deemools e groussen Admirateur vum franséische Schrëftsteller an Nationalist Maurice Barrès.

Tëscht de Weltkricher huet sech säin Nationalismus nawell radikaliséiert, an ee Moment stoung hie mat senge Sympathien zimmlech no vum Léon Degrelle a vum Benito Mussolini. Dat huet him awer déi erwënschte Walresultater net abruecht, an no an no huet hie sech mat engem méi salonfäege Konservatismus zefridde ginn.

Am Ufank vun den 1930er Joren huet de Pierre Nothomb sech um Pont d'Oye, bei Habay-la-Neuve (belsch Provënz Lëtzebuerg), néiergelooss. Fir hie war et perséinlech a politesch wichteg, an der Heemechtsregioun vun der Famill Nothomb erëm Fouss ze faassen. Nodeem hie sech der Kathoulescher Partei ugeschloss hat, gouf hien 1936 zum Senator vun der Provënz Lëtzebuerg gewielt. Hien huet déi parlamentaresch Funktioun du wärend 29 Joer gehat.

Um Pont d'Oye huet de Pierre Nothomb vill geschriwwen a vill iwwer d'historescht Schicksal vum Land tëscht der Meuse an der Musel nogeduecht. Hie war 1948 ee vun de Grënner vun der Académie luxembourgeoise (Arel), déi hie bal 20 Joer laang presidéiert huet, an huet sech nom Zweete Weltkrich fir d'Groussregioun an engem vereenegten Europa agesat.

Wéi hien 1966 gestuerwen ass, gouf hien no sengem Wëllen net wäit vum grousse Stauweier am Bësch hanner sengem Schlass um Pont d'Oye, ënner engem einfache Grafsteen aus Schifer, bäigesat. Seng perséinlech Archive gi vun der Kathoulescher Universitéit vu Louvain versuergt.

De Pierre Nothomb war de Papp vun en ettleche Kanner, dorënner de Spueniekämpfer, Resistenzler, Schrëftsteller a Philosoph Paul Nothomb (1913-2006) an de Politiker an Auteur Charles-Ferdinand Nothomb (* 1936). Hie war och de Grousspapp vum Diplomat an Auteur Patrick Nothomb (* 1936), an domat den Urgrousspapp vun der Schrëftstellerin Amélie Nothomb (* 1967).

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • L'Arc en ciel ; Gedichter; Bréissel (Durendal), 1909.
  • Notre Dame du Matin ; Gedichter; Paräis (Bibliothèque de l'Occident), 1912.
  • La Belgique martyre ; Essai; Paräis (Librairie académique Perrin), 1914.
  • Les Barbares en Belgique ; Essai; Paräis (Libr. acad. Perrin), 1915.
  • Histoire belge du Grand-Duché de Luxembourg ; Paräis (Libr. acad. Perrin), 1915.
  • La barrière belge - Essais d'histoire territoriale et diplomatique ; Paräis (Libr. acad. Perrin), 1916.
  • Étapes du nationalisme belge ; Essai; Léiwen (Van Hoest), 1918.
  • Notre nationalisme: Buts, bases, principes, programme général ; Bréissel (Éd. de l'Action nationale), 1926.
  • Chevalerie rustique ; Roman; Bréissel (La Renaissance du Livre), 1927.
  • Le roman de 1830 ; Bréissel (La Renaissance du Livre), 1930.
  • La révolution de 1831 ; Léiwen (Éd. Rex), 1931.
  • Jean-Baptiste Nothomb et ses frères ; Bréissel & Paräis (Librairie nationale d'Art et d'Histoire), 1931.
  • La Dame du Pont d'Oye ; Roman; Arel (Le Sorbier), 1937; rééditéiert.
  • Géopolitique de la Belgique ; Bréissel (Éd. J. Boseret), 1940.
  • Recours en grâce ; Gedichter; Bréissel (Dutilleul), 1955.
  • L'Europe naturelle ; mat engem Virwuert vum Pierre Wigny; Paräis & Bréissel (Éd. universitaires), 1960.
  • Curieux personnages ; Bréissel (Goemaere), 1942; rééditéiert: Turnhout (Brepols), 1966.
  • Morménil ; Roman; Paräis (Plon), 1964.
  • L'agonie d'Ormont ; Bréissel (Goemaere), 1964.

Literatur änneren

  • Ënner der Leedung vum Jean-Pierre Bertrand, vum Michel Biron, asw., Histoire de la littérature belge (1830-2000) ; Paräis (Fayard), 2003; 670 Säiten. ISBN 2-213-61709-0
  • Jean Merjai, Pierre Nothomb ou Les paradis perdus ; Vieux-Virton (La Dryade), 1965.
  • Frédéric Kiesel, Pierre Nothomb ; Bréissel (Éd.Pierre de Meyère), 1965.
  • Georges Bouillon, Pour saluer Pierre Nothomb ; Vieux-Virton (La Dryade), 1976.

Um Spaweck änneren

  • Jean Mergeai a Christian Munster: Pierre Nothomb op der Websäit vum Service du Livre Luxembourgeois, 1996.