Fernand Neuray

belsche Journalist

De Fernand Neuray, gebuer am Mee 1887 zu Étalle (belsch Provënz Lëtzebuerg), a gestuerwen am Mäerz 1934 a Griicheland, war e belsche Journalist.

Liewen a Wierk

änneren

1914 gouf de Fernand Neuray Chefredakter vun der kathoulesch-konservativer Zeitung Le Vingtième Siècle. Hien huet do mat deem bekennenden Antisemit[1], an 1947 verurteelten Nazikollaborateur, Abbé Norbert Wallez, zesummegeschafft.

Wärend dem Éischte Weltkrich war de Fernand Neuray zu Le Havre, no bei der belscher Exilregierung, déi sech op Sainte-Adresse zeréckgezunn hat. Do huet hie seng publizistesch Aktivitéite fortgeféiert an och mam Pierre Nothomb a mam Gaston Barbanson un den Zukunftspläng fir d'Belsch geschafft. Ënner anerem sollt de ganze Grand-Duché vun der Belsch annektéiert ginn.

Am Mäerz 1918 huet de Fernand Neuray d'Zeitung La Nation belge gegrënnt an duerno dirigéiert.

Hien ass 1934 wärend enger Rees a Griicheland gestuerwen a krut doheem quasi e Staatsbegriefnes organiséiert.

Publikatiounen

änneren

Literatur

änneren

Referenzen

änneren
  1. Morelli, Anne Les grands mythes de l'histoire de Belgique de Flandre et de Wallonie, Evo-histoire, Bréissel, 1995, S.283