Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land

De Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land war e Referendum zu Lëtzebuerg, deen zesumme mam deem iwwer eng Wirtschaftsunioun op deem Dag ofgehale gouf.

De Stëmmziedel vum Referendum

Nom Éischte Weltkrich hat d'Lëtzebuerger Land, dat an enger déiwer politesch-moralescher Kris war, et och nach mat glëschteregen Noperen ze dinn, déi sech de Lëtzebuerger Territoire - direkt oder indirekt - wollten uneegnen.

Den 12. Mäerz 1919 huet d'Chamber mat 30 géint 20 Stëmme (d'Sozialisten an déi Liberal) beschloss, e Referendum iwwer déi zukënfteg Staatsform ofzehalen.

Innepolitesch ass et am Fong drëm gaangen, ob d'Lëtzebuerger d'Monarchie wéilte bäibehalen oder léiwer eng Republik wéilten.

Bei der Dynastie stoung zur Auswiel, ob déi nei Groussherzogin Charlotte soll bäibehale ginn, déi de 15. Januar 1919 op den Troun komm war, nodeems hir Sëschter Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg ofgedankt hat; oder awer ob eng aner aus hirer Dynastie an hir Plaz soll kommen; oder eng nei Dynastie un d'Spëtzt vum Land soll kommen.

Resultat änneren

Choix Stëmmen %
Fir d'Groussherzogin Charlotte 66,811 77.8
Fir d'Republik 16,885 19.7
Fir eng Monarchie ënner engemr anerer Groussherzogin 1,286 1.5
Fir eng Monarchie ënner enger anerer Dynastie 889 1.0
Ongëlteg/wäiss Zieldelen 5,113
Total 90,984 100
Zuel vun den agedroene Wieler/gëlteg Stëmmen 126,193 72.1
Quell: Nohlen & Stöver