Christian Calmes
De Christian Calmes, gebuer den 11. Juli 1913 zu Oberursel (D), gestuerwen de 5. Juli 1995 zu Grasse (F), war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat, Historiker an Auteur.
Christian Calmes | |
---|---|
Gebuertsnumm | François Christian Calmes |
Gebuer |
13. Juli 1913 Oberursel |
Gestuerwen |
5. Juli 1995 Grasse |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Diplomat, Affekot, Politiker |
Famill | |
Papp | Albert Calmes |
Mamm | Jeanne Reuter |
Vun 1945 bis 1946 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.
Den 9. September 1952 gouf hien den éischte Generalsekretär vum Ministerrot vun der CECA an ass dat bis de 14. Juni 1973 bliwwen. Wéi säi Papp, den Albert Calmes, war hien och Historiker an huet deem säi Wierk weidergeféiert. De Christian Calmes war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Vun 1981 bis 1984 war hien Haffmarschall beim Groussherzog Jean.
Säi Wierk
ännerenA senger éischter Publikatioun, Geôles sanglantes (1948), huet hie seng Erliefnesser als politesche Gefaangenen am SS-Sonderlager Hinzert opgeschafft. Säin Haaptwierk ass en Deel vun der Serie Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg, déi säi Papp, den Albert Calmes, lancéiert hat. De Christian Calmes huet och d'Serie Au fil de l'Histoire, an där säi Papp ewell eng ganz Rei vun Artikele gesammelt a publizéiert hat, fortgeféiert.
- Fortsetzung vun der Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg:
- Bd. VII - 1867 - L'affaire du Luxembourg; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1967 (3. Oplo = 1982); 557 S.
- Bd. VIII - Le Luxembourg dans la guerre de 1870; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1970; 673 S.
- Bd. X - 1914-1919 - Le Luxembourg au Centre de l'annexionnisme belge; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1976; 537 S.
- Bd. XI - 1919 - L'étrange référendum du 28 septembre; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1979; 541 S.
D'Bänn VI a IX sinn ni geschriwwe ginn; an de sougenannte 'Bd. XII' huet eigentlech näischt an där Serie verluer, well en d'ganz Geschicht vum Groussherzogtum, vun 1815 bis 1989, behandelt:
- Bd. XII - Création et formation d'un pays de 1815 à nos jours; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1989; 544 S. (et besteet eng däitschsproocheg Versioun, an och eng englesch Iwwersetzung).
- (Mat der Danielle Bossaert), Histoire du Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à nos jours; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1994; 549 S. (De Chr. Calmes reit dëse Band als Bd. XIII an d'Serie Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg an!)
- Fortsetzung vun der Serie Au fil de l'histoire:
- Bd. IV - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1977 ; 299 S.
- Bd. V - Une banque raconte son histoire; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1981; 576 S. (D'Geschicht vun der Banque Internationale à Luxembourg).
- Bd. VI - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1986; 352 S.
- Bd. VII - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1990; 392 S.
- Vor hundert Jahren 1870/1871 "heim ins Reich"; in: Hémecht, Jg. 23 (1971), Heft 1, Ss. 13-41.
- Di bluddeg Grève zu Déifferdang vum 16. Januar 1912 ; Konferenz, Déifferdanger Volleksbildungsveräin, 1976.
- Août 1914 - Les protestations officielles luxembourgeoises contre l'invasion allemande; in: Hémecht, Jg. 28 (1976), Heft 4, Ss. 407-446.
- Jean Grand-duc de Luxembourg. Un Souverain et son Pays. Jean, Großherzog von Luxemburg. Ein Fürst und sein Land. Jean, Grand-Duke of Luxembourg. A Sovereign and his Country, (zesumme mam Reuter, Raymond, Luxnews, 1986
- De Staatsminister Servais a sénger Zäit ; in: Galerie 8 (1990), Nr. 3, Ss. 357-366.
Gielercher
änneren- Großes Silbernes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1]. (1973)
Literatur
änneren- pl., Christian Calmes +; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 6. Juli 1995, S. 3.
- Théo Leydenbach, Sa mort, il y a dix ans: Christian Calmes, un engagement national et européen - Sa vie, son oeuvre; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 22/2120, Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 7. Juli 2005.
- Frank Wilhelm, Vient de paraître: Au fil de l'histoire VII, par Christian Calmes; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 1/1577, Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 10. Januar 1991.