Arel

belsch Gemeng
(Virugeleet vu(n) Arlon)

Arel (Arlon op Franséisch; Årlon op Wallounesch) ass eng Stad am Süd-Oste vun der Belsch. Si ass de Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg, huet 25.818 Awunner (2004) a läit, op 404 m, un den Uwänner vun der Semois, déi hei entspréngt.

Arel
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Awunner 30.818 (1. Januar 2022)
Fläch 119,06 km²
Koordinaten 49°41'1"N, 5°49'0"O
Telefonszon 063
Postcode 6700
Websäit https://www.arlon.be
Vue op Arel. Zeechnung vum Nicolas Liez.
Skulptur vum Areler Kënschtler Jean-Marie Gaspar (1861-1931) am Faubourg um Square Astride.
D'Stadhaus
Groussgaass
Kierch Saint-Donat (17. Jht.)

Duerch Arel leeft d'Nationalstrooss N4 déi bis op Baaschtnech zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Geschicht änneren

Arel ass mat Tongeren an Tournai eng vun deenen eelste Stied an der Belsch. Si gouf ëm 52 v. Chr. als Orolarum oder Orolauno vicus gegrënnt, an huet sech schëtzeg entwéckelt, well se gënschteg op der Kräizung vun zwou Réimerstroosse louch, där vu Reims op Tréier an där vun Tongeren op Metz. Am Musée du Luxembourg zeien déi sëllegen archeologesch Fondsaachen aus der Réimerzäit nach haut dovun.

Am 4. Joerhonnert hat Arel héchswarscheinlech schonn eng Rankmauer an d'Stad huet sech ëm d'Knippchen entwéckelt op där eng Festung stoung[1]. Am 10. Joerhonnert war Arel mat sengem Ëmland eng Grofschaft, duerno eng Maarkgrofschaft. Am spéide Mëttelalter gouf dës Grofschaft a Personalunioun mat Limburg regéiert; zanter 1214 huet se zu Lëtzebuerg gehéiert. Wéi Lëtzebuerg 1839 tëscht der Belsch an dem hollännesche Kinnek gedeelt gouf, sollt dat am Fong laanscht d'Sproochegrenz geschéien. Arel ass awer, obwuel do Lëtzebuergesch geschwat gouf (an zum Deel nach gëtt), der Belsch zougesprach ginn, well Arel éischtens tëscht 1830 an 1839 scho provisoresch Haaptuert war, well zweetens soss keng Stad méi grouss war, fir Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg kënnen ze sinn, an drëttens well d'Strooss vu Lonkech erop op Baaschtnech strateegesch sou wichteg war, datt Frankräich se bei der neutraler Belsch wollt hunn (de reduzéierte Grand-Duché war jo weiderhi Memberstaat vum Däitsche Bond (1815-1866) an hat ëmmer nach eng preisesch Garnisoun an der Festung vu senger Haaptstad).

Arel am Éischte Weltkrich änneren

Arel am Zweete Weltkrich änneren

Sou wéi vill Uertschaften an der Géigend hat Arel och ënner der däitscher Besatzung ze leiden.

Nodeem zu Arel eng Bomm an d'Vitrin vum engem Kollaborateur (Geschäft Ambroise) geworf gi war, goufen an der Nuecht vum 24. op de 25. August 1944, 40 Geisele vun Arel an aus der Ëmgéigend festgeholl, dorënner den Dokter Jean Hollenfeltz en de Procureur André Lucion déi direkt erschoss goufen. Déi aner goufen a Konzentratiounslagere verschleeft, wou déi meescht ëmkoumen. Dozou huet och de Paschtouer vun Éibeng, den Adolphe Alzinger, ee vun de wéinegen Iwwerliewende gehéiert. Hien huet déi Zäit spéider an e puer Wierker beschriwwen ënner dem Pseudonym Josse Alzin.

Vun Arel selwer waren et 26 Mann: Raymond André, Fritz Barnich, Pierre Bestgen, Michel Bidaine, Léon Billot, Fernand Biot, René Biren, Henri Bosseler, Albert Burhin, Prosper Crochet, Edgard Defraene, Emile Dumont, René Feck, Auguste Felten, Paul Gathy, Joseph Hansel, Léon Jacquelart, Théophile Lambe, Aimé Lambin, Albert Laroche, Georges Lejeune, Joseph Ney, Joseph Origer, Emile Pesch, Achille Schockert a Lucien Sitinger.

Uertschaften an der Gemeng änneren

Jumelagen änneren

Arel ass jumeléiert mat:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Arel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Guide Ippa des Villes de Belgique