D'Monument Félix Liedel ass e Monument zu Arel dat un de belsche Pilot Félix Louis Liedel an un aner belsch Piloten aus der Provënz Lëtzebuerg erënnert. Et stoung am Ufank op enger klenger Plaz nieft der Kräizung vun der Nationale 4 mat der Rue Godefroid Kurth an der Avenue de Mersch an zanter 2022 steet et am Rond-point deen op der Kräizung vun deene Stroossen amenagéiert gouf..

Monument Félix Liedel zu Arel

D'Monument gouf den 31. Mee 1931 opgeriicht. D'Suen dofir ware mat enger Souscriptioun vu sengem Regiment dem 10ème de Ligne gesammelt ginn. 1956 gouf et wéinst Stroossenaarbechten an den Haff vun der Gemeng gesat, ier et de 25. Oktober 1985 no enger Restauratioun nees op seng fréier Plaz zeréckkoum.

D'Monument ass e Stäil mat engem dräieckege Grondrëss, a Pyramideform an ass aus franséischem Kalleksteen. Op der Spëtz sinn Aviateursflilleken. Et gouf vum Areler Architekt Léon Lamy entworf.

Op all Säit ass just iwwer dem Sockel eng Zort Giewelrelief erausgemeesselt op deene follgend Opschrëfte stinn:

Relief 1:

À
FÉLIX LOUIS LIEDEL
LIEUTENANT AU 10ME DE LIGNE
DÉTACHÉ À L'AVIATION
TOMBÉ À MARTELANGE
DÉCÉDÉ À ARLON LE 26 JUIN 1914

Relief 2:

AUX
AVIATEURS MILITAIRES
ORIGINAIRES DU LUXEMBOURG
TOMBÉS EN SERVICE COMMANDÉ

Relief 3:

e Medaillon mat der Opschrëft:
A
F.L LIEDEL

Um Spaweck änneren