Tongeren (fr:Tongres, li:Tóngere) ass eng belsch Stad a Gemeng an der flämeschsproocheger Communautéit an der Regioun Flandern, an der Provënz Limburg. Tongeren läit an der ländlecher Géigend Hesbaye.

Tongeren
Land: Belsch
Regioun: Flandern
Communautéit: Flämeschsproocheg Communautéit
Provënz: Limburg
Gemeng: Tongeren
Awunner (Gemeng): 31 032 (1. Januar 2018)
Geographesch
Koordinaten
:
50° 46’ 49’’ N
      05° 27’ 54’’ O
Ale Festungstuerm um Albertwal zu Tongeren

Tongeren war fréier eng vun den 23 Bonnes villes am Fürstentum Léck.

Zu Tongeren wunnen 31 032 Leit an d'Gemeng huet eng Fläch vu 87,56 km².

Uertschaften en der Gemeng änneren

Berg - Diets-Heur - Henis - 's-Herenelderen - Koninksem - Lauw - Mal - Neerrepen - Nerem - Overrepen - Piringen - Riksingen - Rutten - Sluizen - Vreren - Widooie

Jumelagen änneren

Tongeren ass jumeléiert mat Kalisz a Polen

Kuckeswäertes änneren

 
Ambiorix-Statu aus dem Joer 1866 vum Jules Bertin um Grousse Maart zu Tongeren
  • De Beginen-Haff vun Tongeren steet mat enger Dosen anerer zanter 1998 um UNO - Weltierwen. De Beginage gouf 1257 gegrënnt an huet aus e puer Stroossen a Gaasse bestanen déi bis am Ufank vum 20. Joerhonnert, bannent enger Mauer louchen, déi nëmmen eng Paart hat. De Beginenhaff läit zum gréissten Deel laanscht 'd'Slachthuisstraat. Dat eelst Haus vun dësem Complex steet awer op der N° 20 an der Sint-Ursulastraat. Et ass markéiert duerch seng prononcéiert horizontal Strukturen déi sech am Zillegebai duerch Banden aus bloem Steen ervirhiewen, an déi no beienee sinn. Koordinaten: 50° 46’ 44’’ N 05° 28’ 08’’ O
  • D'Moerenpoort ass déi eenzeg Paart déi nach vun der Festung erhalen ass. Et kënnt een derbäi wann een aus dem Beginenhaff iwwer d'Kielenstraat, ee vun den 2 Accèse vum Haff, kënnt. Den Numm, grad sou wéi dee vun der Moerenstraat wéisen op de fréiere suppegen a mouerzegen Deel am Südoste vun der Stad. An der Paart déi aus engem grousse gebauten Tuerm besteet ass haut e Musée vun der Stad Tongeren.
  • Op der Grand-Place: d'gotesch Basilika Notre-Dame vun Tongeren an d'Statu vum Ambiorix.

Um Spaweck änneren

Commons: Tongeren – Biller, Videoen oder Audiodateien