Seymerich
Seymerich ass eng Uertschaft bei Arel a läit am Oste vun Arel tëscht der aler Kasär a Frassem (Fruessem) an engem Dräieck, dee vun der N844 am Süden an 2 klenge Stroossen déi no Norden op Fruessem ginn, gemaach gëtt. Bis viru 15 Joer war dës Flouerplaz eidel Gewan, an déi zwou kleng Stroosse ware schlecht Feldweeër.
Seymerich lb: Séimerech | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun |
![]() |
Communautéit |
![]() |
Provënz |
![]() |
Arrondissement | Arel |
Gemeng |
![]() |
Koordinaten |
49° 41’ 30.08’’ N 05° 49’ 30.32’’ O |
Telefonszon | 063 |
Postcode | 6700 |
Haut ass alles verbaut, an et stinn e puer nei Citéen op dëser Plaz.
Seymerich läit op 390 Meter a gehéiert zur Gemeng Arel. No derbäi ass de Lieu-dit Petite-Geechel mat enger Sakgaass déi bei de bekannte Restaurant Peiffeschhof féiert. (op der ING-Kaart als Peiffeschaff uginn).
| |||
Sektiounen: Arel • Nidderelter • Bunnert • Giisch • Häischel • Ternech |