Clairefontaine (Arel)

belsch Uertschaft an der Gemeng Arel (Provënz Lëtzebuerg)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Clairefontaine an der Gemeng Arel. Fir aner Säite mat deem Numm, kuckt wgl. Clairefontaine.


Clairefontaine, op Lëtzebuergesch Baardebuerg oder och Badebuerg [1] ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Arel.

Clairefontaine
lb: Baardebuerg
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Arel
Koordinaten 49° 39’ 58.90’’ N
      05° 51’ 58.45’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6700

Virun der Belscher Gemengereform vun 1977 huet Clairefontaine zur Gemeng Nidderelter gehéiert.

Westlech vun der eigentlecher Uertschaft, just virun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz, stinn d'Gebaier vun der fréierer École apostolique vun den Häerz-Jesu-Pateren, déi 1986 zougemaach huet. Zanterhier ass do e Centre de rencontre vun den Häerz-Jesu-Pateren ageriicht, wou Retraiten, Konferenzen a soss Coursen (z. B. Virbreedung op d'Bestietnes) organiséiert ginn.

Geschicht änneren

D'Uertschaft ass haaptsächlech duerch d'Abtei bekannt, déi d'Gräfin Ermesinde do wollt grënnen. D'Klouschter gouf tatsächlech awer eréischt vun hirem Jong, dem Hari V., genannt "de Blonden" ("le Blondel"), gebaut. D'Ermesinde gouf allerdéngs do begruewen, wéi si dat gewënscht hat. Spéider hat och de Jang de Blanne vir, sech do begruewen ze loossen, mä et koum anescht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Clairefontaine).

Clairefontaine huet bis zur Belscher Revolutioun (1830-1839) zur Par a Gemeng Äischen-Habscht gehéiert. Wéi awer d'definitiv Grenz tëscht dem jonke belsche Staat an dem Rescht-Groussherzogtum op der Londoner Konferenz gezu gouf, koum Clairefontaine bei d'belsch Gemeng Nidderelter. E Schmelzhär, Simonet genannt, dee säi Betrib ëstlech vun der eigentlecher Uertschaft hat, beim Zesummefloss vun der Diirbaach a vun der Äisch, hat sech besser Geschäftsperspektiven an der Belsch wéi am verklengerte Grand-Duché virgestallt. Duerch säin Afloss bei dem engen oder anere belschen Diplomat bei der Londoner Konferenz koum et deemno dozou, datt déi ganz Uertschaft, bis bei d'Äisch, der Belsch zougeschloe gouf. Wat d'Zukunftsperspektive vum Simonet sengem Betrib ugoung, do hat den Här sech grëndlech verrechent, well déi nei Zollgrenz huet him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, an de ganze Betrib ass verfall. Spéider goufen d'Gebaier dann d'éischt vun Dominikanerinne benotzt, duerno vun Häerz-Jesu-Pateren als École apostolique.

Waasserleef änneren

Parallel zu der Haaptstrooss leeft d'Diirbaach (ruisseau de Clairefontaine), déi vu Waltzing erfort kënnt, an direkt hanner der fréierer École apostolique vu Clairefontaine an d'Äisch leeft, déi a Richtung Äischen weiderfléisst.

Kuckeswäertes änneren

Literatur änneren

  • (Pater) Lucien Kohnen, Die drei Clairefontainer Klöster - Kurzer Blick in eine jahrhundertealte Geschichte ; in: nos cahiers, 2003, Nr. 3/4, Ss. 121-126 (ill., Bibliogr.).
  • Joseph L. Philippe, Vor 125 Jahren kamen die Herz-Jesu-Priester nach Clairefontaine; in: Heimat + Mission, 1/2014 (Joergang 88); Ss. 4-6 (ill.).
  • Andrée & Georges Despy, Les premières années de l'abbaye cistercienne de Clairefontaine; in: Revue belge de Philologie et d'Histoire, XLVIII, 1970, 4; pp. 1207–1224.
  • Michel Margue, De la fondation privilégiée à la nécropole familiale: l'abbaye de Clairefontaine - Réflexions préliminaires à l'étude d'un lieu de mémoire dynastique; in: Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg [belge], Arel; Bd. CXXVI-CXXVII, 1995-1996; Ss. 57-91.
  • L'abbaye cistercienne de Clairefontaine - Du rêve d'Ermesinde aux réalités archéologiques / Exposition du 30 avril au 17 octobre 2010 au Musée Gaspar à Arlon ; in: Bulletin trimestriel de l'Institut archéologique du Luxembourg - Arlon ; 2010 - 86e année - N° 3/4; Ss. 162-246.
  • P. Nicolas Kayser, Clairefontaine; Verlag "Heimat und Mission", 1963 (= Imprimatur); 160 S. (ill.).

Um Spaweck änneren

Commons: Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Uertschaften an der Gemeng Arel  

Sektiounen: ArelNidderelterBunnertGiischHäischelTernech
Aner Uertschaften a Plazen: Alenuewen · Barnech · Birel · Badebuerg · Affen · Fruessem · Frellen · Heckbus · Rosenberg · Schappech · Siesselech · Séimerech · Stienen · Sterpenech · Stackem · Sues · Éiden · Uewerelter · Walzeng · Weller

  1. A franséischen Texter gëtt vereenzelt Bardebourg (z. B. Guillaume de Bardebourg) a soss Bardenbourg ernimmt. Am Mémorial A N° 10 vun 1844, op der Säit 77 (Beschreibung der Gränze), Art.4. § 2, gëtt am däitschen Text Badenburg ernimmt.
  2. (vgl. d'Publikatioune vum Historiker Georges Despy...)