D'Provënz Malanje ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Norde vum Land a grenzt am Nordwesten un d'Provënz Uíge, am Westen un d'Provënze Cuanza Norte a Cuanza Sul an am Süden un d'Provënz Bié. Am Osten leien d'Provënze Lunda Norte a Lunda Sul. Am Nordoste verleeft eng international Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo.

D'Provënz Malanje (rout) an Angola

Si huet eng Fläch vun 97.602 km².[1]

Der Vollekszielung 2014 no hat si 968.135 Awunner, wat 4 % vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass d'Stad mam selwechten Numm.

Referenzen änneren

  1. Portal Oficial do Governo da República de Angola (offiziell Säit vun der angolanescher Regierung): O Perfil de Angola (gekuckt den 13. Dezember 2017)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei