D'Provënz Namibe ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Südweste vum Land a grenzt am Norden un d'Provënz Benguela an am Osten un d'Provënzen Huíla a Cunene. Am Süden deelt s'eng Grenz mat Namibien an am Weste läit den Atlantik.

D'Provënz Namibe (rout) an Angola

Se huet eng Fläch vu ronn 57.091 km².[1]

Der Vollekszielung vun 2014 no hat se 471.613 Awunner, wat 1,9 % vun der Gesamtbevëlkerung vum Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass Moçâmedes.

Referenzen änneren

  1. Portal Oficial do Governo da República de Angola (offiziell Säit vun der angolanescher Regierung): O Perfil de Angola (gekuckt den 13. Dezember 2017)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei