D'Ovimbundu (Eenzuel: Ocimbundu; Adjektiv: Umbundu) sinn déi gréisst Volleksgrupp am Angola. Si stellen ongeféier een Drëttel vun der Bevëlkerung vum Land a schwätzen Umbundu.

Déi verschidde Volleksgruppen am Angola wärend der Kolonialzäit (1970), virum angolanesche Biergerkrich (1975-2002)

Ursprénglech sinn et Bantu, déi aus dem Norden am Angola komm sinn. Si hu sech am zentralen Héichland vum Angola néiergelooss an no an no och déi ugrenzent Küst besidelt. Dobäi hu si méi kleng Volleksgruppen, déi eng aner Hierkonft haten, assimiléiert.

Wärend dem Kampf fir d'Onofhängegkeet an haaptsächlech wärend dem angolanesche Biergerkrich waren d'Ovimbundu d'Haaptsupporterbasis vun der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA), déi fir d'éischt géint d'Portugisen a spéider géint de rivaliséierende Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA) gekämpft huet.

Wéinst dem Krich hu vill Ovimbundu hir Ursprongsgéigend verlooss a sinn an aner Regiounen a Stied am Angola geflücht.

Um Spaweck änneren

Commons: Ovimbundu – Biller, Videoen oder Audiodateien