George S. Patton
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den George Smith Patton, jr., gebuer den 11. November 1885 zu San Gabriel (Kalifornien), a gestuerwen den 21. Dezember 1945 zu Heidelberg war e Véier Stäre-Generol an der US-Arméi am Zweete Weltkrich.
George S. Patton | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 11. November 1885 |
Gestuerwen |
21. Dezember 1945 Heidelberg |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
United States Military Academy, Command and General Staff College |
Aktivitéit | Autobiograph, Offizéier, Schwëmmer |
Hie war eng vun den aussergewéinlechste Persounen aus dem Zweete Weltkrich, bekannt als „Old Blood and Guts” a fir seng eisen Disziplin beim Féiere vu sengen Truppen. Wärend der Rundstedt-Offensiv huet e sechs Divisioune vu senger drëtter amerikanescher Arméi aus dem Saargebitt un d'Front Baaschtnech-Dikrech-Iechternach bruecht, fir d'Südflank vun der däitscher Offensiv unzegräifen an déi zu Baaschtnech agekesselt Amerikaner z'entlaaschten. Domat huet e Lëtzebuerg souzesoen eng zweet Kéier befreit.
Seng Jugend
D'Famill Patton huet en ettlech Militär a Politiker an hire Reie gezielt.
Den George jr. war Legastheniker an hat Schwieregkeete fir d'Sprooch an d'Schrëft ëmzesetzen an ëmgekéiert. Seng militäresch Formatioun huet hien um Virginia Military Institute an der US Military Academy zu West Point kritt.
Zu Stockholm huet hien 1912 un den Olympesche Summerspiller deelgeholl a gouf fënneften am Fënnefkampf.
De Patton am Éischte Weltkrich
1915 gouf e Läitnant. E gouf un d'mexikanesch Grenz verluecht, wou en erfollegräich géint déi Opstännesch gekämpft huet an dobäi de „Generol” Julio Cardenas, den Haaptmann vun der Leifgarde vum Pancho Villa, mat sengem Colt erschoss huet. Ënner dem Generol Pershing huet de Captain Patton am Éischte Weltkrich an Europa gekämpft. Hie war et, deen déi éischt 500 amerikanesch Panzerzaldoten ausgebilt huet. Hie gouf duerch Schëss vu Mitraillette verwonnt a koum als Colonel aus dem Krich.
De Patton am Zweete Weltkrich
De Patton a Lëtzebuerg
Den George S. Patton gouf de 24. Dezember 1945 um Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm begruewen, nodeems en den 21. Dezember zwielef Deeg no engem Autosaccident an der Géigend vu Mannheim an engem Militärspidol zu Heidelberg gestuerwe war.
Patton-Legenden
Filmer
- Patton vun 1970 mam George C. Scott, Karl Malden ë. a. Dréibuch: Francis Ford Coppola an Edmund H. North. Regie: Franklin J. Schaffner. USA 1970. De Film krut 8 Oscaren, dorënner dee fir de beschte Film vum Joer.
- A Man, a Legend: George S. Patton, an Dokumentarfilm vum Fred Junck
Literatur
- Nicolay, Pascal & Romain Reinard, 2006. Zum 60. Todestag von General Patton († 21.12.1945). In: Ex libris: bulletin de liaison du Cercle Pierre Roberti N° 45: 15-17. Luxembourg.
Kuckt och
- De Square Patton zu Ettelbréck
- Der verhängnisvolle Autounfall von General Patton op wort.lu, 09.12.2015
- Zweete Weltkrich
Um Spaweck
Commons: George S. Patton – Biller, Videoen oder Audiodateien |