AVL-Linn 17
Stater Buslinn (AVL)
D'AVL-Linn 17 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter Mee 1992 um Trajet P+R Bouillon - Hollerech - Stad an zeréck. D'Linn ass bis den 10. Dezember 2017 als Ronnfaart gefuer ginn, vun deem Dag un gëtt et awer elo en Aller an e Retour mat allkéiers 4 Arrêten. D'Linn 17 fiert vu méindes bis freides op d'mannst all 10 Minutten a samschdes[1] all 20 Minutten. Se fiert deelweis och sonndes (all 10 Minutten), wann an der Stad d'Butteker op sinn.
E Bus vu FRISCH RAMBROUCH fir d'AVL op der Linn 17 | |
Hollerech - Stad | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Hollerech, P+R Bouillon, Uewerstad, Monterey 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O |
iwwer | Hollerech, Uewerstad |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | Mee 1992 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 2.363 m, 2.351 m |
Fuerzäit | 8 min, 8 min |
mëttel Vitess | 17,72 km/h, 17,63 km/h |
Halten op der Linn 17
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Halten | Bemierkung | |
---|---|---|
P+R Bouillon | ; gemeinsamen Terminus mat der Linn 15 an der Linn 22. | |
Hollerich, Kierfecht | ||
Heentze Park | ||
Monterey |
Entwécklung vun der Linn 17
ännerenMat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 15.03.1946 un ass déi Kierchbierger Linn op der Streck Pl. du Théâtre - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg gefuer. Den 01.10.1962 krut si d'Linnen-Nummer 17.
- 1971 - 1981: Gare - Stad - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg
- 1981 - 1992: Gare - Stad - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg - Stad - Gare. Eng Linn mat der Nummer 17A ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.
Um Spaweck
ännerenCommons: AVL-Linn 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ vum 15. Oktober 2018 un; virdrun ass se samschdes net gefuer.