Anja Di Bartolomeo
lëtzebuergesch Schrëftstellerin
D'Anja Di Bartolomeo, gebuer den 9. Februar 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Lëtzebuerger Schrëftstellerin a Literaturkritikerin[1].
Anja Di Bartolomeo | |
---|---|
![]() D'Anja Di Bartolomeo op de Walfer Bicherdeeg 2022 | |
Pseudonym | Ioanna Dilano |
Gebuer |
9. Februar 1978 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Literaturkritiker |
Famill | |
Bestuet mat | Charles Meder |
Papp | Mars Di Bartolomeo |
Mamm | Sylvie Bintz |
![]() |
Si huet Politikwëssenschafte studéiert a schafft am Beräich Public Relations vum Centre hospitalier du Nord.
Si huet tëscht 2004 an 2009 a verschiddenen Zeitungen, Zäitschrëften oder Kulturbäilagen, Rezensiounen oder Kriticke verëffentlecht.
D'Anja Di Bartolomeo ass mam Charles Meder bestuet.
Wierker änneren
D'Anja Di Bartolomeo ass bis ewell Auteurin vun dräi Sammlunge mat Kuerzgeschichten an engem Roman:
- Exit Schattenkopf
- Chamäleons, 1. Präis vum Concours littéraire national 2017
- Nicht zu spät, Erzielungen 2019
- Wundholz, Roman 2020, 3. Präis vum Concours littéraire national 2019[2]
Um Spaweck änneren
- Valerija Berdi / cbi, Anja Di Bartolomeo a Charles Meder, 100komma7.lu, 21. Aug 2020 - 16:00.
Referenzen änneren
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.
- ↑ Wundholz, Capybarabooks, 2020