Ian De Toffoli

lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.

De Ian De Toffoli, gebuer de 25. Juni 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.

Ian De Toffoli
Gebuer 25. Juni 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Editeur, Literaturwëssenschaftler, Literaturkritiker, Dramatiker, Universitéitsprofesser

Liewen änneren

De Ian De Toffoli ass an enger italieenesch-lëtzebuergescher Famill gebuer. No der Primärschoul um Briddel an der Première am Lycée Robert-Schuman huet de Ian De Toffoli zu Paräis Philologie a Konschtgeschicht studéiert. Hie schreift zanter 2004 reegelméisseg am Lëtzebuerger Land. 2012 huet hien de Verlag Hydre Éditions gegrënnt, deen op Theater- a Kuerztexter spezialiséiert ass. Hie lieft ofwiesselnd zu Bréissel an zu Lëtzebuerg.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • De Toffoli, Ian, 2001. De solitudinis arte, ou, Le nouveau mythe de Narcisse. Ed. des cahiers luxembourgeois, Bereldange, Impr. Centrale, Luxembourg. 142 p.
  • De Toffoli, Ian, 2005. Mauvais oeil. Roman. Ed. des cahiers luxembourgeois, Bereldange, Impr. Centrale, Luxembourg. 160 p.
  • De Toffoli, I. 2008. Départs. S.l.: [s.n.].
  • De Toffoli, Ian, 2009. L'annonce. Première 16.10.2009 à 20 h au Centre des arts pluriels d'Ettelbruck. Mise en scène: Marc Baum. 24 p. Theaterstéck
  • De Toffoli, Ian, 2011. La réception du latin et de la culture antique dans l'œuvre de Claude Simon, Pascal Quignard et Jean Sorrente. Thèse de doctorat: Université de Paris IV - Sorbonne.
  • De Toffoli, Ian, 2013. L'homme qui ne retrouvait plus son pays. [Suivi de] Microdrames. Hydre Éditions, Bridel.ISBN 978-99959-756-1-6.
  • De Toffoli, Ian, 2013. La veille de la représentation = Der Abend vor der Vorstellung.
  • De Toffoli, Ian, 2015. La réception du latin et de la culture antique dans l'oeuvre de Claude Simon, Pascal Quignard et Jean Sorrente. Paris: Honoré Champion. ISBN 978-2-7453-2905-9
  • De Toffoli, Ian, & Quickert, Anja. 2018. Bridel: Hydre éd. ISBN 978-99959-938-9-4

Literatur änneren

Um Spaweck änneren