Ulrike Bail

Ulrike Bail, däitsch Schrëftstellerin

D'Ulrike Bail, gebuer den 28. Mee 1960 zu Metzingen[1][2], ass eng däitsch Theologin a Schrëftstellerin.

Ulrike Bail
Gebuer 28. Mee 1960
Metzingen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Dichter, Theolog

Si huet op der Universitéit Tübingen evangeelesch Theologie a Germanistik studéiert, an dono an der Württembergischen Landeskirche hiert Vikariat gemaach. 1997 huet si op der Universitéit Bochum an evangeelescher Theologie promovéiert, an och do 2003 habilitéiert. Am selwechte Joer gouf si zu Bochum Privatdozentin fir dat Aalt Testament. 2004 huet si feministesch Theologie an theologesch Fraefuerschung op der Humboldt-Universität zu Berlin enseignéiert[1].

Si lieft zanter 2005 zu Lëtzebuerg.

D'Ulrike Bail huet Texter an Artikelen iwwer theologesch Theeme publizéiert. Zanter den 2010er Jore schreift si och Gedichter. Dës goufen ë. a. an Les Cahiers luxembourgeois oder am Jahrbuch der Lyrik publizéiert.

2011 koum hiren éischte Gedichtsband, wundklee streut aus.47 gedichte über theodora eraus.

Auszeechnungen änneren

2020 krut si den éischte Präis am nationale Literaturconcours fir statt einer ankunft. 2011 an 2015 hat si bei deem Concours allkéiers den 2. Präis kritt.

Fir de Gedichtsband wie fiele faden tief, deen 2020 publizéiert gouf, krut si 2021 de Servais-Präis.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche op autorenlexikon.lu.
  2. Fiche op conte-verlag.de; gekuckt 2021-06-17