Jean Back

lëtzebuergesche Fotograf a Schrëftsteller


De Jean Back, gebuer de 5. Dezember 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf a Schrëftsteller.

Jean Back
Gebuer 5. Dezember 1953
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Fotograf
Famill
Kanner Michelle Back

De Jean Back war vun 1989 bis den 1. Februar 2016[1] Direkter vum CNA.

Säin éischte Roman Wollekestol ass 2003 bei Ultimomondo publizéiert ginn. En erzielt en Deel Geschicht vum Auteur a senger Famill an der Forge du Sud an de fofzeger Joren. "Wollekestol ass e Bléck duerch e bakelitts Viewmaster op eng aussergewéinlech Zäit zu Lëtzebuerg." (CNL).

Fir säi Roman Amateur gouf hien 2010, zesumme mat 10 anere Laureaten aus verschiddenen europäesche Länner, op der Frankfurter Bicherfoire mam European Union Prize for Literature ausgezeechent[2].

De Jean Back ass de Papp vun der Michelle Back, vum Pierre a vum Charel.

Bibliographie änneren

Literatur änneren

  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, S. 21 - S. 28

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean Back – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "CNA: De Paul Lesch gëtt neien Direkter." rtl.lu, Leschten Update: 04.12.2015, 17:56:48.
  2. "L'auteur Jean Back lauréat luxembourgeois du Prix européen de la littérature". luxembourg.public.lu, 06-10-2010.