Silikater sinn d'Salzer an d'Estere vun der Ortho-Kiselsaier (Si(OH)4) an hire Kondensater. D'Estere ginn ënner Kiselsaierester beschriwwen, fir d'Kondensater kuckt Kiselsaier. All d'Salzer sinn duerch SiO4Tetraeder opgebaut Verbindungen, deenen hir Tetraederen awer op verschidde Weis matenee verbonne kënne sinn. Onverbonne Plaze vun den Tetraederen droen zum Luedungsausgläich Metallkatioune bäi oder leien eventuell als Hydroxidionen (OH) vir. Mat Ausnam vun Alkalisilikater si Silikater net am Waasser oder an anere Léisungsmëttele léislech.

Natierlech Form déi dacks bei de Silikate virkënnt: Feldspat
Fäinpulvregt Silikat fir Sailenchromatographie.
Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Natierlech Silikate (Silikatminerale) spillen eng grouss Roll an der Mineralogie, well sech ganz vill Minerale vun dëser Stoffgrupp zouordne loossen. D'Äerdkuuscht besteet zu iwwer 90 Prozent, den Äerdmantel bal vollstänneg aus Silikaten. Déi meescht Silikate an der Äerdkuuscht si mat 50–60 Volumeprozent d'Feldspate. Aner wichteg gestengsbildend Minerale sinn Glimmer, Tounminerale, Amphibole, Pyroxene, Granat an Olivin. Dat Mineral, dat et am dackste gëtt, de Quaarz (SiO2) gëtt an der daitschsproocheger Literatur zu den Oxide gezielt, am angloamerikanesche Schrëfttum awer zu de Silikater.

Literatur änneren

  • W. L. Bragg: The structure of silicates. In: Z. Kristallogr. 74. 1930, 237–305.
  • W. A. Deer, W. A. Howie und J. Zussman: Rock-Forming Minerals, Volume 1A: Orthosilicates. Longman, London, 2. Oplo, 1982.
  • I. Kostov: Crystal chemistry and classification of silikate minerals. In: Geokhimiya, Mineralogiya i Petrologiya. 1. 1975, 5–41.
  • F. Liebau: Die Systematik der Silicate. In: Naturwissenschaften. 49. 1962, 481–491.
  • F. Liebau: Structural Chemistry of Silicates. Springer-Verlag, Berlin 1985.
  • S. Matthes: Mineralogie. Springer-Verlag, Berlin, 4. Editioun, 1993. (heivu gëtt et eng nei Oplo, Datum onbekannt)
  • S. Na’ray-Szabo: Ein auf der Kristallstruktur basierendes Silicatsystem. In: Z. Physik. Chem. Abt. B9. 1930, 356–377.
  • H. Pichler und C. Schmitt-Riegraf: Gesteinsbildende Minerale im Dünnschliff. Enke Verlag 1987.
  • P. H. Ribbe: Reviews in mineralogy Volume 5: Orthosilicates. Mineralogical Society of America, Washington, 2. Oplo, 1982
  • J. V. Smith und W. L. Brown: Feldspar Minerals, Volume 1. Springer-Verlag, Berlin, 2. Oplo; 1988
  • H. Strunz: Strunz mineralogical tables: chemical structural mineral classification system. 9. Oplo, Schweizerbart, Stuttgart. ISBN 978-3-510-65188-7
  • W. E. Tröger: Optische Bestimmung der gesteinsbildenden Minerale, Teil 1: Bestimmungstabellen. Schweizerbart'sche Verlagsbuchhandlung, Stuttgart, 4. Oplo, 2001.
  • W. E. Tröger: Optische Bestimmung der gesteinsbildenden Minerale, Teil 2: Textband. Schweizerbart'sche Verlagsbuchhandlung, Stuttgart, ?. Oplo, 1967.
  • T. Zoltai: Classifikation of silicates and other minerals with tetrahedral structures. In:American mineralogist. 45. 960–973, 1960

Um Spaweck änneren

Commons: Silikater – Biller, Videoen oder Audiodateien