Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Georges Als, gebuer den 18. September 1925 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 7. Abrëll 2014[1], war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Jurist.

Georges Als
Gebuer 18. September 1925
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Abrëll 2014
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Jurist
Famill
Kanner Jacqueline Als

Hie war tëscht 1963 an 1990 Direkter vum Statec an huet eng ganz Rei vu Publikatioune verfaasst.

De Georges Als ass 1966 zum effektive Member vum Institut grand-ducal, Section des sciences morales et politiques, gewielt ginn.

1988 huet hie mat der Hilda Rau-Scholtes d'Actioun Solidaritéit gegrënnt, déi sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch a géint d'Stëmmrecht fir Auslänner asetzt.

Hien ass de Jong vum Robert Als an de Papp vun der Schauspillerin Jacqueline Als. Hie war 1955 Matgrënner a jorelaang President vum Groupe alpin luxembourgeois (GAL) a war selwer e begeeschterte Grimpeur.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Histoire quantitative du Luxembourg 1839-1990; in: Cahiers économiques, Nr. 79, erausgi vum STATEC (Service central de la Statistique et des Études économiques), Lëtzebuerg, 1991; 426 Säiten.
  • Population et Économie du Luxembourg 1839-1989; in: Réalités et Perspectives, erausgi vun der 'Banque Générale du Luxembourg', 1989 / 5; 74 Säiten.
  • La population du Luxembourg; in: Cahiers économiques, Nr. 54, erausgi vum STATEC, Lëtzebuerg, 1975; 197 Säiten.
  • L.-A. Quételet, savant universel et père de la statistique moderne; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (Institut grand-ducal), vol. III (1979).
  • Boom bancaire et crise sidérurgique - La mutation des structures; in: d'Letzeburger Land, Nr. 24 / 17. Juni 1988, S. 31.
  • Mémoires de l'Occupation (1) - Une matinée à la Gestapo...ainsi que l'histoire du directeur SS Schrey ; in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort), Nr. 15 / 2293, Ss. 14-15; vgl. Luxemburger Wort vum 6. Mee 2010!
  • Un coup d'épée dans l'eau - Histoire de l'extrême-droite au Luxembourg, selon Lucien Blau; in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort), Joergang 51, Nr. 16 / 1847; vgl. Luxemburger Wort vum 14. Mee 1998!
  • Dans l'intimité de Brigitte Bardot; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (Inst. gr.-ducal), vol. IV (1999).
  • Le duel Churchill-Hitler en été 1940; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (Inst. gr.-ducal), vol. VI (2002).
  • La révolution sexuelle et ses problèmes; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (Inst. gr.-ducal), vol. X (2007).
  • Le suicide au Luxembourg; in: Cahiers, erausgi vun der 'Section des Sciences morales et politiques' vum 'Institut grand-ducal', Nr. 2, 1979.
  • Les étrangers au Luxembourg: aspects économiques et démographiques; in Cahiers, erausgi vun der 'Section des Sciences morales et politiques' vum 'Institut grand-ducal', Nr. 3, 1980.
  • Eloges, 1997.
  • Robert Als (1897-1991), au service de son pays: à la recherche du temps perdu, 2002
  • Le Luxembourg en 2001: doutes et interrogations - An: Les pays d'Europe occidentale: évolution politique, économique et sociale en Autriche, Belgique, Danemark... [etc.] / sous la dir. d'Alfred Grosser. - Paris: Documentation française, 2002. - (Les études de la Documentation française. International), p. 135-148, tabl.
  • Traité de Maastricht et violation de la Constitution - Un épisode peu glorieux de notre Histoire; in Hommage à l'Athénée, vol. IV des ouvrages commémoratifs 400 Joer Kolléisch; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2003; Ss. 23-29.
  • Organisation der Statistik in den Mitgliedstaaten der Europäischen Gemeinschaft, Luxemburg: Eurostat, 1993. - 238 S., 1. Länder-Essays 2. Vergleichende Studie, ISBN 92-826-5686-3
  • Évolution démographique et identité luxembourgeoise; in: Les Cahiers luxembourgeois, 1998 (5); Ss. 15-34.
  • Communications de Georges Als à l'Institut grand-ducal de 1968 à 2013; Lëtzebuerg (Institut grand-ducal - Sections des Sciences morales et politiques), 2015; 320 Säiten; mat engem Hommage vum André Elvinger un de verstuerwene Georges Als. - An dësem Band sinn all Konferenzen an aner Contributiounen, déi de G. Als fir d'Section des Sciences morales et politiques wärend 25 Joer verfaasst huet.

Literatur änneren

  • Blau, Lucien, 1998. Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle. Le Phare (éischt Oplo), cf. Ss. 617-623.
  • (cdc), 2014. Ehemaliger Statec-Direktor Georges Als verstorben. Luxemburger Wort vum 11. Abrëll 2014, S. 55.
  • Harpes, J.-P., 2014. A la mémoire de Georges Als. Sa passion de l'escalade et de la montagne. Luxemburger Wort vum 4. Juni 2014, S. 65.

Gielchen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 10. Abrëll 2014, S. 38.
  2. Ministère de la Culture PROMOTION 2004 DANS LES ORDRES NATIONAUX