Camille Sutor

lëtzebuergesche Resistenzler
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Camille Sutor, gebuer den 30. Mee 1921 zu Iermsdref an do den 18. Mee 1944 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Resistenzler.

Camille Sutor
Gebuer 30. Mee 1921
Gestuerwen 18. Mee 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler
Member vun Trei Lëtzebuerger Studenten

Seng Resistenzaktivitéiten änneren

De Camille Sutor huet am Zweete Weltkrich zu Dikrech am Kolléisch studéiert. Do huet hien 1941 d'Resistenzgrupp "Trei Lëtzebuerger Studenten" (TLS) gegrënnt. Als Haaptschëllege vum Widderstand bei de Studenten ass hie vun der Schoul geflunn.

Am August 1941 huet hie sech duerch e Passeur bei Péiteng iwwer d'franséisch Grenz brénge geloss an ass bis op Lyon komm. Hie war um Begriefnes vum verschleefte Paschtouer N. Biwer vu Gilsdref an ass duerno awer erëm op Lëtzebuerg zeréckkomm.

Bei dem gelongene Versuch kanadesch Parachutisten ze retten, huet den Drama ugefaangen. De Camille Sutor huet d'Kanadier an d'Heemechtshaus op Iermsdref bruecht a se do verstoppt.

Duerch de Verrot vun Iermsdrëffer Bierger sinn déi däitsch Truppe séier gewuer ginn datt "a Maischens" eppes méi lass war. Si hunn d'Proprietéit ëmstallt a gläich de Richard Sutor, dem Camille säi Brudder, un d'Mauer gestallt a mam Papp Sutor als Schutzschëld an d'Stuff gestiermt, wou de Camille Sutor sech opgehalen huet. No der Opfuerderung seng Pistoul falen ze loossen hu se geschoss an hien déidlech tëscht d'Ae getraff.

De Richard Sutor konnt am Duerchernee flüchten a sech an de Bëscher verstoppen. D'kanadesch Zaldoten an en Deel vun der Famill hate sech an de "Bunker" gerett.

Literatur änneren

  • Raths, Aloyse: Erënnerong un e grousse Resistenzler: Camille Sutor vun Iermsdref am: Rappel: bulletin trimestriel de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - Joergang 59(2004), n° 3, p. 353-377
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.