Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Stade Boy-Konen ass e Sportkomplex zu Zéisseng an der Stad Lëtzebuerg, deen nom fréiere Bauteminister René "Boy" Konen benannt ass. E läit nieft der Autobunn A6 beim Zéissenger Kräiz.

Nieft zwéi Foussballsterraine gëtt et do och en Terrain fir Rugby an eng Plaz fir Beachvolleyball ze spillen, an Ekipementer fir Liichtathleetik ze maachen.[1]

De Rugby Club Lëtzebuerg trainéiert am Stade Boy-Konen.

Referenzen änneren

  1. volksfreund.de: Rund um’s Stadion: Terrain de Sports Complexe Sportif Boy Konen