Vëlospist EuroVëlo 5

europäesch Vëlosstreck


D'Vëlospist EuroVëlo 5 (gekierzt EV5), och nach Via Romea Francigena, ass eng vun 19 Vëlosstrecke vum internationalen EuroVëlo-Reseau. Se féiert iwwer ca. 3300 Kilometer vu Canterbury iwwer d'Alpe bis op Brindisi. Se ass no der laténgescher Bezeechnung Via Romea Francigena genannt, wat sou vill heescht wéi „De Wee op Roum dee vu Frankräich kënnt”. Dës Nord-Süd-Streck leeft duerch siwe Länner: Groussbritannien, Frankräich, Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, Schwäiz an Italien.

Vëlospist EuroVëlo 5
offiziellen Numm EuroVelo 5 (Via Romea Francigena)
Lëtzebuerger Numm Vëlospist EuroVëlo 5
vu(n) Canterbury Vereenegt Kinnekräich
op Brindisi Italien
Längt 3.250 km
Land Vereenegt Kinnekräich,
Frankräich,
Belsch,
Lëtzebuerg,
Däitschland,
CHECHE Schwäiz,
Italien

Streck änneren

England änneren

An England ass d'EV5 komplett ugeluecht an a béide Richtungen als National Route 1 beschëldert. Se féiert vum Zentrum vu Canterbury, duerch den Hafe vu Sandwich bis op Dover[1].

Frankräich änneren

A Frankräich gëtt et zwéin Deeler vun der EV5: den nërdlechen Deel vu Calais iwwer Lille bis op d'Grenz mat der Belsch. Op deem Deel ass d'Verbindung vu Calais bis op Lille nach an der Planung, vu Lille aus féiert d'Pist iwwerdeems laanscht de Kanal vu Roubaix an iwwer Roubaix bis op de belschen Territoire.

Den zweeten, ëstlechen Deel fänkt zu Sarreguemines un a féiert iwwer Stroossbuerg bis op Mulhouse. D'Streck geet laanscht eng Rei vu Kanäl:

Belsch änneren

A Flandern féiert d'EuroVelo 5 vu Geraardsbergen iwwer d'LF6 (Landelijke Fietsroutes) bis op Bréissel. A Wallounie geet d'Streck iwwer de RAVeL-Reseau iwwer Namouer an Dinant bis op Maarteleng.

Lëtzebuerg änneren

D'EV5 kënnt bei Roumecht op den Territoire vum Grand-Duché a verleeft dann op enger Distanz vu knapps 107 Kilometer duerch d'Ländchen, bis op Schengen. Op hirem Trajet duerch Lëtzebuerg leeft d'EV5 iwwer verschidde regional Vëlosweeër an och iwwer follgend Deeler vun nationale Vëlosstrecken[2]:

Däitschland änneren

Den däitschen Deel vun der Vëlospist EuroVëlo 5 ass 80 km laang a féiert duerch d'Saarland a Rheinland-Pfalz, laanscht Saarlouis a Saarbrécken bis op d'franséisch Grenz, wou se un den ëstlechen Deel duerch Frankräich ugeschloss ass (kuckt uewendriwwer).

Schwäiz änneren

An der Schwäiz ass d'EV5 komplett ugeluecht[3]. Se féiert iwwer d'Schwäizer Streck Nr. 3 duerch de Jura an d'Zentralschwäiz iwwer Basel, Aarau, Luzern, Andermatt, de Gotthardpass, Bellinzona a Locarno bis op Chiasso.

Italien änneren

An Italie sinn eréischt e puer kuerz Stécker vun der EV5 ugeluecht[4], de Rescht ass nach am Opbau oder der Planung. D'Streck vun der EV5 féiert iwwer d'BicItalia BI 3 Ciclovia dei Pellegrini a féiert duerch Mailand, Pavia, Fidenza, Piacenza, Parma, Berceto, Aulla, Florenz, Siena, Bolsena, Roum, Fiuggi, Cassino, Benevento, Candela, Gravina in Puglia, Taranto op Brindisi.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist EuroVëlo 5 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Pläng vun der EV5 op OpenStreetMap:

Referenzen an Notten änneren

  1. Überquerung des Kanals op de.eurovelo.com, gekuckt de 6. Juli 2019
  2. Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vu ProVelo, gekuckt de 6. Juli 2019
  3. Via Romea Francigena - Schweiz op de.eurovelo.com, gekuckt de 6. Juli 2019
  4. Via Romea Francigena - Italien op de.eurovelo.com, gekuckt de 6. Juli 2019