Vëlospist PC13

Itinéraire cyclable Nicolas Frantz
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC13, och nach Pist Nicolas Frantz, offiziell Itinéraire cyclable Nicolas Frantz, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se ass nom lëtzebuergesche Vëlossportler Nic. Frantz (1899-1985) genannt.

Vëlospist PC13
D'PC 13 zu Mamer a Richtung Nordwesten
offiziellen Numm Itinéraire cyclable Nicolas Frantz
Lëtzebuerger Numm Pist Nicolas Frantz
vu(n) Koler
op Stroossen
Längt 13,2 km
déifste Punkt Mamer
héchste Punkt Garnech
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

D'PC13 ass 13,2 km laang a féiert vu Koler oder Klengbetten op Stroossen. Den déifste Punkt (290,18 m) ass zu Mamer (rue de Bertrange) an den héchsten (361,57 m) zu Garnech (rue de la Forêt)[2].

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Garnech, Holzem, Mamer, Bartreng a Stroossen.

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Pist Nicolas Frantz huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC13 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn