Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gotthardmassiv ass e Massiv vu Bierger an der Schwäiz op der Grenz vun de Kantonen Graubünden, Tessin, Wallis an Uri. En ass benannt nom Sankt-Gotthard-Pass.

De Gotthardtmassiv vu Süde gesinn

Duerch de Gotthardmassiv féieren an Nord-Süd Direktioun de Sankt-Gotthard-Pass (2108 m) an de Lukmanierpass (1984 m), an Ost-West Direktioun gëtt et den Oberalppass (2044 m), Urserental- a Furkapass (2431 m).

De Massiv gëtt am Norde begrentz duerch d'Gadmental, Sustenpass (2240 m), Meiental a Maderanertal, am Westen duerch de Grimselpass (2165 m), deen e vum Aaremassiv trennt, an den Nufenenpass (2440 m), am Süde vum Bedrettotal am dem Valle Leventina, am Oste vum San-Bernardino-Pass (2066 m).

Am Gotthardmassiv gëtt et en ettlech vun de wichtegste Festunge vum Schwäizer Reduit, déi am Zweete Weltkrich staark ausgebaut goufen, fir déi Schwäizer Alpen als Réckzuchsgebitt vun der Armee géint en Amarsch vun den däitschen Truppen zu verdeedegen.

U sengem Bord leie mat déi héchst Bierger vun der Schwäiz: am Nordwesten den Dammastock (3630 m), am Südwesten de Pizzo Rotondo (3192 m), am Nordosten den Oberalpstock (3328 m) an am Südosten d'Rheinwaldhorn (3402 m). En eigentleche Bierg mat dem Numm "Gotthard" gëtt et net.

Hydrographie änneren

Duerch de Massiv leeft déi Europäesch Haaptwaasserscheed tëscht dem Mëttelmier an der Nordséi. De Punkt vun der Waasserscheed tëscht deenen zwéi Mierer an dem Adriatesche Mier ass och am Gotthardmassiv.

Am Gotthardtmassiv entsprangen déi zwéi Quellflëss vum Rhäin, de Viischte Rhäin an Hënneschte Rhäin, d'Reuss, en Niewefloss vun der Aare, de Rhône, deen um Rhônegletscher entspréngt an an d'Mëttelmier leeft, an den Ticino, en Niewefloss vum Po, deen an d'Adria leeft.