Vëlospist PC3

Itinéraire cyclable des Trois Rivières

D'Vëlospist PC3, och nach Pist vun den dräi Flëss, offiziell Itinéraire cyclable des trois rivières, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Vëlospist PC3
D'PC3 bei Méischdref
offiziellen Numm Itinéraire cyclable des trois rivières
Lëtzebuerger Numm Vëlospist vun den dräi Flëss
vu(n) Schengen
op Veianen
Längt 89 km
déifste Punkt Waasserbëlleg
héchste Punkt Veianen
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

D'PC3 ass 89 km laang a féiert vu Schengen op Veianen. Se verleeft flaach an op hirer ganzer Längt laanscht déi dräi Flëss, déi d'Grenz mat Däitschland maachen: Musel, Sauer an Our. Den déifste Punkt (134 m) ass zu Waasserbëlleg an den héchsten (240 m) zu Veianen.

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Schengen, Rëmerschen, Schwéidsbeng, Welleschten, Bech-Maacher, Réimech, Stadbriedemes, Hëttermillen, Éinen, Wuermer, Ohn, Meechtem, Gréiwemaacher, Mäertert, Waasserbëlleg, Méischtref, Bur, Hénkel, Rouspert, Steenem, Iechternach, Weilerbaach, Bollenduerfer Bréck, Grondhaff, Déiljen, Wallenduerfer Bréck, Reisduerf, Héischdref, Bëttel, Furen a Veianen.

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Pist vun den dräi Flëss huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen änneren

Tëscht Reisduerf a Waasserbëlleg féiert d'Vëlospist PC3 zu engem groussen Deel iwwer déi fréier Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC3 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019