Vëlospist PC7

Itinéraire cyclable Jangeli
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC7, och nach Janglispist, offiziell Itinéraire cyclable Jangeli, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se ass no der SchmuelspuerstreckJangli“ genannt, déi fréier (1882 - 1955) vun der Stad iwwer Munneref op Réimech gefuer ass.

Vëlospist PC7
offiziellen Numm Itinéraire cyclable Jangeli
Lëtzebuerger Numm Janglispist
vu(n) Réimech
op Munneref
Längt 12,2 km
déifste Punkt Réimech
héchste Punkt Bous
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC7 vu Réimech op Munneref. Den Deel vu Réimech bis op d'Ellenger Gare (12,2 km) ass 2005 opgaangen. D'Verlängerung bis op Munneref ass nach net realiséiert. Den déifste Punkt (142,32 m) ass zu Réimech (CR152D) an den héchsten (244,55) zu Bous (Scheierbierg)[2].

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Réimech, Ellenger Gare, Elleng a Munneref.

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Jangelispist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen änneren

Just den Deel Réimech - Ellenger Gare besteet (12,2 km).

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC7 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn