Atomkraaftwierk Cattenom

D'Atomkraaftwierk Cattenom ass en Atomkraaftwierk, dat an der franséischer Uertschaft Kettenuewen (op fr. Cattenom), no bei der lëtzebuergescher Grenz steet. D'Atomkraaftwierk ëmfaasst am Ganze véier Reaktere mat enger Leeschtung vu jee 1300 Megawatt. Et ass eent vun de gréissten Atomkraaftwierker a Frankräich an deckt 8 % vun der Stroumproduktioun.

Vue op d'Kraaftwierk

Geschicht änneren

De Bau vum éischte Reakter huet den 29. Oktober 1979 ugefaangen. En ass den 1. Abrëll 1987 a Betrib geholl ginn. Bis 1992 goufen déi aner 3 Reakteren och a Betrib geholl. Et handelt sech bei allen ëm sougenannten Drockwaasserreakteren. Gebaut goufe se vun der Firma EDF, déi se och bedreift.

Am Atomkraaftwierk schaffen ongeféier 1.150 Persounen. Am Fall vun enger geplangter Ofschaltung wéinst Revisiounsaarbechten, wéi et am Joer 2004 eng gouf, schaffe bis zu 2.000 Persounen do.

Sécherheet änneren

D'Atomkraaftwierk Cattenom gëtt net als äerdbiewesécher ugesinn, well d'Ventiller am Fall vun engem Biewen net méi funktionéiere géifen.

Teschefäll änneren

All Joer gëtt et am Atomkraaftwierk Cattenom Tëschefäll, déi awer mat der Bezeechnung INES 0 oder 1 net weider schlëmm sinn. Bis elo gouf et 3 gréisser Teschefäll, bei deenen awer keen zu Schued koum:

  • De 17. Februar 2002 ass am Reakter 1 e Ventil vun der Killung lassgaangen. Dobäi gouf et eng Fräisetzung vum primäre Killwaasser. Fir d'Ventil ze reparéieren, hunn d'Techniker misse mat enger Schutzmontur an de Containment goen (INES 1)
  • De 16. Mee 2004 gouf et an engem Kabelraum vum Block 2 e Kabelbrand. De Reakter ass doropshin erofgefuer ginn, de Brand gouf no zirka 2 Stonne vun de Pompjeeë geläscht.
  • Am Dezember 2004 gouf festgestallt, datt d'Schläich vun iwwer 30 Feierläscher um ganze Site vu Cattenom sabotéiert waren. D'Gendarmerie vun Diddenuewen huet eng Enquête lancéiert an d'Feierläscher goufen ersat.

Zukunft änneren

D'Lafzäit vun de Reakteren 1 an 2 leeft nach bis d'Joer 2046 resp. 2047. Déi aner zwéi Reaktere wäerten an de Joren 2050 an 2051 ofgeschalt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Atomkraaftwierk Cattenom – Biller, Videoen oder Audiodateien