Kosmos (Космос) ass d'Bezeechnung fir eng sowjetesch respektiv russesch Drorakéit. Si gouf, wéi deemools normal an der Sowjetunioun, no hirer éischter Notzlaascht, dem Satellit Kosmos-1, genannt. Mat der Kosmos hat d'Sowjetunioun eng am Géigesaz zu fréiere sowjetesche Drorakéiten, méi eng kleng Rakéit, fir méi liicht Satellitten ze starten.

Kosmos Drorakéit

Kosmos B-1 änneren

Déi éischt Kosmos-Rakéit gouf Kosmos B-1 genannt. B war an der US-Opklärung fir den zweete Grondtyp vun Drorakéite, 1 fir d'Zuel vun Uewerstufen, aner Nimm: SL-7 (US-Verdeedegungsministerium), Kosmos 2I, Kosmos 11K63, Kosmos 63S1, Sandal; Variant Kosmos 63SM; Variant Kosmos 63S1M, och bezeechent als Kosmos 2M. Si goung aus der Mëttelstreckerakéit R-12 (am Westen als SS-4 Sandal bekannt) ervir, déi am Konstruktiounsbüro Jangel (OKB-586) entwéckelt gouf. Déi maximal Notzlaascht an en niddregen Äerdorbit war 420 kg. Den éischte Start war de 26. Oktober 1961 zu Kapustin Jar. Bis 1977 gouf et 166 Starten, dovun waren 21 feelgeschloen. Déi éischt Stuf vun der Rakéit gouf mat RP-1 (eng Kerosinaart) a Salpéitersaier, déi zweet Stuf mat flëssegem Sauerstoff an UDMH (unsymmetreschem Dimethylhydrazin) bedriwwen. D'Éischtstuf hat e Véierkummer-Dreifwierk RD-214 mat Pompefërderung. D'Zweetstuf huet d'Dreifwierk RD-119 mat véier feste Steierdüse gebraucht. De Start war aus engem Silo erfollegt.

Kosmos C-1 an 3M änneren

 
Kosmos-3M

Den Nofollger Kosmos C-1 (dat hat dem drëtte Grondtyp mat enger Uewerstuf entsprach, aneren Numm: SL-7 (US-Verdeedegungsministère), Kosmos 1, Kosmos 65S3, Skean; Variant Kosmos 11K65, dacks bezeechent als Kosmos 3) goung aus der gréisserer Mëttelstreckerakéit R-14 (US-Bezeechnung SS-5 Skean) ervir. D'Notzlaascht ass mat 1400 kg an engem Orbit a 400 km (700 kg an engem 1.600 km-Orbit) däitlech méi grouss. Den éischte Start war de 15. Mee 1967. Déi éischt Stuf vun der Rakéit hat am Dreifwierk RD-216M UDMH a Distéckstofftetroxid gebraucht, déi zweet Stuf Salpéitersaier, Distéckstofftetroxid an UDMH. Sou hat d'Rakéit nëmme lagerfäeg Dreifstoffer enthalen.

D'Variant Kosmos 11K65M, och bezeechent als Kosmos 3M, huet eng verbessert zweet Stuf S-3M gebraucht an ass bis haut am Gebrauch. Sou gouf mat dëse Rakéiten an de Joren 20062008 och dat däitscht Satellittenopklärungssystem SAR-Lupe an de Raum bruecht. D'Rakéit ass 32,4 m laang, bei engem Duerchmiesser vun 2,4 m, a huet e Startgewiicht vun 109 t. Domat ka si eng Notzlaascht vun 1.500 kg an eng Ëmlafhéicht vun 250 km transportéieren. D'Maximalhéicht ass 1.700 km.

D'Starte waren entweeder zu Kapustin Jar (48° Inklinatioun) oder zu Plessezk (66° bis 98° Inklinatioun).

Mat der Variant Kosmos 65MP, och bezeechent als Kosmos 3MP, goufen d'Raumfähremodeller Bor-4 an 5 op hir Neesantrëttseegeschafte getest. Et goufe suborbital oder äerdno Ëmlafbunnen erreecht.

D'Firma PO Poljot zu Omsk, Russland, schafft zanter längerem un enger Weiderentwécklung vu Kosmos 3MU och "Vslet" (Взлёт) genannt. International vermaarkt d'Firma COSMOS International Satellittestart zu Bremen, eng Duechterfirma vun OHB Technology, d'Drorakéit.

De Gebrauch vun dëser Rakéit soll deemnächst agestallt ginn.

Technesch Donnéeën änneren

Fir Kosmos 3M.

  • Gréisst
    • Héicht: 32,4 m
    • Duerchmiesser: 2,4 m
    • Startmass: 109 t
    • Stufen: 2
  • Capacitéit
    • Notzlaascht zu LEO 1500 kg
    • Notzlaascht zu SSO 775 kg
  • Startgeschicht
    • Status: am Asaz
    • Startplaz: Plessezk oder Kapustin Jar
    • Zuel vu Starten: 439 (419 davon erfolgreich)
    • Éischte Start: 15. Mee 1967
  • Éischtstuf R-14U
    • Dreifwierk: 1 RD-216
    • Buedemschub: 1486 kN
    • Vakuumschub: 1728 kN
    • Spezifischen Impuls: 2429 Ns/kg
    • Brennzäit: 170 s
    • Brennstoff: Distéckstofftetroxid/UDMH
  • Zweetstuf
    • Dreifwierk: 1 RD-219
    • Schub: 883 kN
    • Spezifischen Impuls: 2875 Ns/kg
    • Brennzäit: 1620 s
    • Brennstoff: Distéckstofftetroxid/UDMH

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren