D'nCubë waren zwéi Satellitten déi vun norwegesche Studente goufen. Wéinst Problemer beim Aschwenken op hir Ëmlafbunn an engem Feelstart konnt kee vun de Satellitte seng Aarbecht ophuelen. Den éischten (nCube-2) gouf de 27. Oktober 2005 mat enger russescher Kosmos-3M-Rakéit gestart (COSPAR-Bezeechnung 2005-043H), den zweeten (nCube-1) goung de 26. Juli 2006 beim Feelstart vun enger Dnepr-Rakéit verluer. Alle béid goufen nom CubeSat-Standard fir Klengsatellitte gebaut an haten d'Form vun engem Wierfel mat enger Kantelängt vun 10 Zentimeter.

nCube-2

Haaptzil vum nCube-Projet war d'Hëllef fir d'Studenten an Héichschoulen am Beräich vun der Raumfaarttechnik. Dofir sollten d'Satellitten AIS-Signaler vun de Schëffer a Rendéieren empfänken a via Amateurfunk op d'Äerd schécken. D'Satellitte waren och mat Digipeatere fir Funkamateuren ausgerëscht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren