Rochuskierch vun Ënsber

kathoulesch Kierch

D'Rochuskierch zu Ënsber ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

Kierch vun Ënsber
Filialkierch vun Ënsber (2015)

Filialkierch vun Ënsber (2015)
Filialkierch vun Ënsber (2015)
Uertschaft / Plaz Ënsber
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Architekt(en) A. Hartmann
Baujoer 1862
Koordinaten 49° 54’ 05.9’’ N
      05° 52’ 58.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am nërdlechen Deel vum Duerf, zirka 180 m vum Stauséi Uewersauer ewech. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 12. Februar 2024 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

D'Kierch an hir Geschicht änneren

Am Joer 1718 gouf vum Paschtouer vu Kauneref, dem Joannes-Fridericus Huberti, vum Klackegéisser Peter Ritter eng Klack fir d'Kapell vun Ënsber géisse gelooss, well déi al Klack 1717 gerass war.[2]

Dat haitegt Gebai gouf am Joer 1862 no Pläng vum Antoine Hartmann gebaut. Wéi an anere Paren och, gouf de Barockmobiliar, deen aus dem Atelier vum Jean-Georges Scholtus (1680-1754) gestaamt huet, an den Neibau iwwerholl. De gréissten Deel vun de Statue goufen am Laf vum leschte Joerhonnert en Affer vun de Moderniséierungstendenzen. Just eng Statu vum hellege Rochus an eng vun der helleger Cecilia sinn haut nach ze fannen.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Ënsber och d'Parkierch vun der Par Ënsber. Zur Par Ënsber huet ausser der Parkierch vun Ënsber och nach d'Filialkierch vun Néngsen an d'Kapell vu Lëlz gehéiert.

D'Paschtéier vun Ënsber änneren

  • 1806 - 1807: Reuter Nicolas
  • 1807 - 1816: Eschweiler Jacques
  • 1817 - 1845: Weis Jean
  • 1845 - 1847: Mertz Christian
  • 1847 - 1860: Hourscht Jean-Baptiste
  • 1860 - 1872: Heyart Jean
  • 1872 - 1883: Bailleux Wilhelm
  • 1883 - 1884: Schadecker Nikolaus
  • 1884 - 1895: Keiser Gregor
  • 1895 - 1902: Waltzing Jacques
  • 1902 - 1911: Noesen Jacques
  • 1911 - 1913: Haas Antoine
  • 1913 - 1920: Emering Nicolas
  • 1920 - 1930: Schmit Henri
  • 1930 - 1935: Muller Nicolas
  • 1935 - 1938: Schumacher Wilhelm
  • 1938 - 1948: Simon Franz
  • 1948 - 1954: Kauthen René
  • 1954 - 1980: Hoffmann Alexis
  • 1982 - 1983: Kayser Léon (Administrator)
  • 1984 - 1995: Metz Paul (Administrator)
  • 1995 - 1999: Faber Pierre (Administrator)
  • 1999 - ?: Wehles Marco (Administrator)

Wéi et zu der "neier" Kierch koum änneren

2001 koum d'Iddi am Kiercherot Ënsber op, fir d'Kierch banne renovéieren ze loossen. Ënner dem Impuls vun der Fernande Marx, der deemoleger Direktesch vum Naturpark Öewersauer kruten déi éisch Iddien hire Laf. Et sollt eng "modern" Kierch ginn, mat där der Natur eng Reverenz sollt erwise ginn. Besonnesch d'Waasser, d'Kierch läit keng honnert Meter vum gestaute Waasser ewech, sollt eng grouss Roll spillen. Sou koum et, datt fir eng Feier an der Kierch eng Zort Kullang geluecht gouf, an deem Waasser duerch de Kiercheraum gelaf ass.

Den däitsche Sculpteur Ulrich Lindow, ee vun de Kënschtler, déi an der Géigend Skulpturen ënner fräiem Himmel opgeriicht haten, gouf kontaktéiert, a Membere vum Kierchrot sinn dorophin an Norddäitschland gefuer, fir sech Konschtwierker vum Mann unzekucken. Sou koumt et datt de Lindow den Optrag krut, de Banneraum vun der Ënsber Kierch komplett ze renovéieren. 2001 huet de Kënschtler der Par an der Gemeng e Globalkonzept virgeluecht, dat begeeschtert opgeholl gouf. De fréien Doud vun der Fernande Marx huet dem Projet eng länger Zäit d'Loft geholl.

Déi "nei" Kierch änneren

Den 10. November 2006 war den Ulrich Lindow mat senger Aarbecht fäerdeg. De 14. November huet d'Uergelmanufaktur Mayer aus dem Saarland ugefaangen, d'Uergel opzebauen, a sonndes, de 26. November koum et zu der Altorkonsekratioun an der Aweiung vun der neier Uergel duerch den Äerzbëschof Fernand Franck. Déi Mass gouf vun de Chorallen aus dem Parverband Öewersauer gesongen; op der Mayeruergel souz de Patrick Lepage.

D'Kierch vu bannen änneren

 
De Banneraum vum Chouer aus gesinn
 
De Chouer vum Duxall aus gesinn

Ausser e puer Statuen an d'Konstruktioun vum Duxall, gouf alles erausgeholl an erneiert.

Den Ustrach änneren

D'Faarwe banne sinn aussergewéinlech hell. De Lindow wollt Rou an de Raum bréngen. Hellblo, giel an en duusst Hellrout ginn, deemno wéi hell et dobaussen ass, vun de Faarwe vun de 15 Fënsteren ënnerstëtzt.

D'Fënsteren änneren

Déi 15 nei Fënstere goufen och vum Lindow entworf an an der däitscher Glasmanufaktur Derix Glasstudios zu Taunusstein fabrizéiert. Se bestinn aus dräi Loe Glas. Déi bannenzeg an déi baussenzeg Couche ass Kloerglas, déi plazeweis mat Sand opgeraut goufen, fir op déi Manéier Ornamenter dranzekréien.
Déi mëttelst Lo ass echt Antikglas, dat op Plaze mat Saier behandelt gouf a mat Emailfaarwen ëmgefierft ginn ass. Déi eenzel Elementer goufen entweeder zesummegepecht oder si mat Bläi uneneegehal.

Déi dräi Portalfënsteren änneren

Déi an der Mëtt weist déi helleg Dräifaltegkeet. Am ieweschten Deel vum Bou glënneren op donkelbloem Fong Stären, déi op déi siwen Äerzengelen hiweisen, déi ronderëm den Troun vu Gott stinn. Ganz uewen ass d'Gottzeechen, en Dräieck ze gesinn. An der Mëtt leeft eng Waassersail, e Symbol fir den Himmel, vertikal iwwer déi ganz Fënster. Et soll eng Verbindung tëscht Himmel an Äerd duerstellen. Driwwer steet en hellt Kräiz. Eng vertikal Dunn soll dem Kënschtler no d'Verbindung tëscht Himmel an Äerd als e Wee duerch den Doud an d'Operstanesinn vu Jesus Christus kloer maachen. Op de Säitefënstere sinn Himmelswiesen, Engel, z'erkennen.

D'Fënsteren am Kiercheschëff änneren

D'Motiver vun de Fënsteren am Kiercheschëff stamen aus dem hellege Franz vun Assisi sengem Sonnegesank.

D'Chouerfënsteren änneren

D'Fënsteren am Chouer weisen d'Symboler vun de Véier Evangelisten. En Engel, e Léiw, e Stéier an en Aadler. Fir den Altorraum sou hell wéi méiglech ze kréien, goufen hell forme benotzt, nëmme vun enger dënner Konturlinn ëmginn. Déi eenzeg Faarf, ofgesi vum Bord vun de Fënsteren ass en Nimbus ronderëm d'Käpp, deen an engem blénkegen Orange ass.

Den Altor änneren

Den Altor besteet aus enger décker eeche Plack.

D'Uergel änneren

Bis 2005 stoung an der Kierch déi fréier Uergel aus der Parkierch vun Dol, eng Uergel vun der Firma Haupt vu Lëntgen aus dem Joer 1956. Am Joer 2006 gouf déi al Uergel verkaaft an eng nei installéiert. Kuckt: Uergel an der Ënsber Kierch.

De Schifersteen änneren

Am Chouer steet hanner dem Altor e geschlaffene Schiferstee vun enger 2 Meter Héicht, op deem senger viischter Säit den Text vum "Eise Papp"-Gebiet gravéiert ass. De Schiferstee kann an der Faaschtenzäit duerch eng eechen Duebelpaart "verstoppt" ginn. Sou krut de Kënschtler e groussen Tryptichon an de Chouerraum. D'Form vum Monolith ass nom klassesche Gëllene Schnëtt geformt. Uewe leeft Waasser aus dem Steen, leeft laanscht den Text a verschwënnt ënnen an engem Grill. Et ass dem Kënschtler drëm gaangen, d'Element Waasser direkt an de Chouer anzebauen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rochuskierch vun Ënsber – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 163