Kierch Dol

kathoulesch Kierch

D'Kierch vun Dol ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.

Kierch vun Dol
Filialkierch vun Dol (2014)

Filialkierch vun Dol (2014)
Filialkierch vun Dol (2014)
Uertschaft / Plaz Dol
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Vinzenz
Konsekratioun 1869
Baujoer 1866
Koordinaten 49° 56’ 04.1’’ N
      05° 58’ 17.1’’ O
Kierchen - Kapellen
Series pastorum a Chronik vun der Par Dol.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Vinzenz, deem säi Fest den 22. Januar gefeiert gëtt. De Patréiner vum Duerf ass den hellegen Donatus.

Se steet an der Duerfstrooss, dem CR321A, op der Kräizung mat der Strooss Op der Heckt. Op der Südsäit nieft der Kierch steet e Kräiz (vun 1994) zur Erënnerung un de fréiere Kierfecht op där Plaz.

Geschicht änneren

Déi éischt bekannt Kapell zu Dol, déi warscheinlech dem hellege Lambert geweit war, gouf 1523 an engem Dokument ernimmt. Well se baufälleg war gouf se am Joer 1737 ënner dem Paschtouer H. Severin duerch eng nei ersat,[1] déi Plaz fir 200 Leit hat. 1808 gouf dës Kierch zur Parkierch ernannt.

1865 huet de Gemengerot enger Vergréisserung vun der Kierch zougestëmmt, soudatt d'Kierch an hirer haiteger Form 1866 fäerdeg gouf. Se gouf de 14. Juli 1869 vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert. Als Niewepatréiner gouf den hellege Jousef gewielt.

1929 ass ënner dem Paschtouer Logeling eng gréisser Renovéierung virgeholl ginn. Nom 2. Weltkrich gouf d'Kierch ënner dem Paschtouer Jos. Frisch nees opgebaut.

Bei der 100-Joerfeier de 4. Mee 1969 gouf den neie Kierfecht ageweit, dee virdrun nieft der Kierch war.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Doler Kierch d'Parkierch vun der Par Dol, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Dol huet ausser der Parkierch vun Dol och nach d'Remigiuskierch vun Nacher gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Dol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 183